Fort aus dem Hotel Mamma an eran an d’Onofhängegkeet an d’puer Fräiheet! #wglebenläuft

Fir op eegene Been ze stoen oder wann een ufänkt ze studéieren ass eng WG eng gutt Optioun fir ze wunnen. Mee ass et esou einfach wéi et kléngt?

#bochumliebe #bochumbash #grillen #chillexen #friends #futureplans#wgliebe #wglebenläuft#grillenaufderstrasse

A post shared by sonnenstrand25 (@sonnenstrand25) on

Fir de Fridden an enger WG muss gesuergt ginn an et muss sech richteg ofgeschwat gi fir dass deen och behale bléift. Esou ganz ouni Reegele funktionéiert dat Ganzt net. Aus menger Erfarung eraus ass et wichteg dass een net alles vergësst wat engem d’Elteren doheem esou agetriichtert hunn. Well wie mécht scho gären de Frigo op a gesäit nëmme verschimmelt Iessen an ausgelafe Mëllech?

Respekt ass ee grousst Thema. “Sorry, meng Spull haut ze maache war wierklech net dran“ si Sätz mat deenen ee sech net immens beléift bei senge Matbewunner mécht. Am Beschten huet een all Raum, egal op Buedzëmmer oder Kichen esou ze verloosse wéi ee se fonnt huet. Also am beschte bëssen opgeraumt a bësse propper. Dat Ganzt aus Respekt virun deem nächsten deen erakënnt.

Och Récksiicht gehéiert zu engem gudden Zesummeliewen. Haart Musek lauschteren, haart a laang telefonéieren oder sech beim Zocken déi ganz Zäit haart opreegen, mee dem Matbewunner soen: „So mer bescheet wann ech ze haart sinn“ ass och net de richtege Wee. Besser huet een am Viraus Récksiicht op déi aner ze huelen a si net dozou ze bréngen sech opreegen ze mussen.

Fir dat Ganzt méi witzeg ze verpake ginn et WG-Apps mat Botzpläng a Punktesystemer oder och Apps wou verschiddene WGen géinteneen untriede kënnen. Esou hëlt een den Eescht aus der Saach an et gëtt een deem Ganzen e bësse Spaass.

Wat d’Zesummeliewen natierlech am beschte mécht an am meeschte stäerkt si kléng, léif Gestë wei z.B. Mëtsche vum Bäcker matbréngen oder ee Spillowend organiséieren.

Also, bonne Chance an ärer WG!

xx, Amy Watson