© Amy Watson, Eldoradio
Hues du der jeemools d'Fro gestallt op d’Léift nëmmen zwëschent zwou Persoune existéiert? Kann een net och an d’Liewen selwer verléift sinn?
Ech sinn der fester Iwwerzeegung dass dat geet! Ech mengen dass de Mënsch net ouni Léift liewe kann, mee déi muss net ëmmer mat enger Romanz ze dinn hunn.
Hei dräi Indice fir ze weise wat et heescht a säi Liewe verléift ze sinn. Mee villäicht bass du et jo scho laang!
- Fannt är Passioun am Liewen
Fir no senger Passioun ze sichen oder un där ze schaffe brauch een Zäit, mee et ass och derwäert sech déi ze huelen. Wann der är Passioun bis fonnt hutt, dann hält dat passiivt Liewen an d'Monotonie op. Et fänkt een un aktiv ze liewen an et fillt een sech einfach lieweg. An deene Momenter spiert der d'Liewen zu 100%.
- Dir wësst wat der am Liewen wëllt
Wann dir bis wësst wat wichteg fir iech am Liewen ass, da ginn är Zieler méi präzis an dir wësst op wat der hischafft. Et hält een op nozedenken an et fänkt een un seng Iddien ëmzesetzen. Doduerch kënnen Erfollegserliefnisser entstoen déi iech dozou brénge stolz op iech ze sinn.
- Dir probéiert déi beschte Versioun vun iech selwer ze sinn
Wann der ären Dreem an Zieler nogitt a konstant un iech schafft erreecht der ëmmer méi. Et gëtt een ëmmer besser an et gëtt een zu der beschter Versioun vu sech selwer.
Natierlech ginn et déi eng Deeg wou alles besser klappt an där wou et manner gutt klappt, mee dir wësst är Richtung a wou der hi wëll. Dat si jiddefalls déi Erfarungen déi ech gemaach hunn an ech muss soen dass ech mäin Liewe gären hunn esou wéi et am Moment ass.
xx, Amy Watson