No gewellten Aperhoer, elo gewellten Lëpsen.
D'lescht Woch ware gewellten Aperhoer den neisten Trend. Kuerz drop koum d’Fortsetzung. Elo sinn d’gewellte Lëpsen den absolute Moudetrend. Egal op een op Facebook, Instagram oder Twitter gaangen ass, iwwerall ass engem dëse skurrillen Trend an d’Ae gesprongen.
De Social-Media-Fashionistas sinn déi gewellten Aperhoer awer net genuch, verschiddener kombinéieren dësen och nach mat gewellte Lëpsen. Opfale mécht een duerch dësen Trend zu 100 Prozent, mee dat wahrscheinlech éischter op eng méi ofschreckend Aart a Weis.
Et gesäit esou aus wéi et sech och unhéiert. D’Aperhoer hunn eng Welleform an d’Konture vun de Lëpse gi genau an där selwechter Welleform opgedroen. "Et gesäit aus wéi wann ee probéiert hätt sech am Auto ze schminken" oder "Zäit fir an d’Zirkusschoul" si Kommentarer déi een op Twitter oder Facebook liese kann.
Eng optesch Täuschung ass et allefalls mol net, an Halloween steet och nach net virun der Dier.
Jiddefalls huet dësen Trend et fäerdeg bruecht sech duerchzesetzen an e puer Unhänger ze fannen, wéi dat konnt geschéie wäert wahrscheinlech awer ee Geheimnis bleiwen.
Trends sinn ëmmer eppes iwwer wat een diskutéiere kann, do muss ee sech seng eege Meenung maachen. Ee passende Verglach mam Wellelëpsen-Trend ass deen mam Ditto, ee vun deene coolste Pokemonen.
Do kënnt déi ganz Inspiratioun villäicht jo hier.
xx, Amy Watson