Déi direkt ërem vergiess sinn…

Traureg awer wouer, de Summer ass eriwwer. D’Schoul, d’Uni oder d’Schaff geet erëm lass. Wien hëlt sech do net gutt Virsätz fir dëst Joer besser ze meeschtere wéi dat virdrun? Mee méi schnell wéi ee kucke kann huet een déi dach schon ërem vergiess…

  • Moies mat Zäiten opstoen!

Wie stresst sech scho moies gären ier en aus dem Haus muss? Da steet een jo léiwer mol eng hallef Stonn éischter op… Dat fält natierlech awer guer net sou einfach, zumoolst net wann et ërem ufänkt kal an naass dobaussen ze ginn a wann et Moies nach däischter ass. Do ass d’Bett dach vill méi bequem an et dréckt ee gären e puer Mol op “Snooze”.

  • Den Owend virdrun d’Outfit fir den nächsten Dag erausleeën!

“Ech wäert mer lo all Owend iwwerleeë wat ech den nächsten Dag undinn”. Jo jo jo. 2 oder 3 Deeg packt een dëse Virsaz an dono leeft een awer mat giele Strëmp an oranger Jackett ronderëm. De Cours huet een och vergiess anzepaken, dat passend Buch läit doheem, nëmme puer eenzel Blieder ass dat wat een dobäi huet. An dat well een deen Owend virdru léiwer méi laang Netflix gekuckt huet.

  • Éischter a besser fir d’Examen oder d’Prüfunge léieren!

Ee bekannte Phänomen ass; e puer Deeg virun der Prüfung nach keen eenzegt Buch opgemaach ze hunn. Dofir ass déi Paus zwëschent de Course jo gutt! Do gëtt nach eng Kéier alles wat geet an d’Gehir eragebretscht. Do kritt een dann och de Classeur vum Noper geléint dee komplett ass an net nëmme vereenzelt Blieder huet.

Mir sinn dach all selwecht, peace.

XX, Amy Watson

Lauschter eran!