Eng lecker Low-Carb-Alternativ mat roude Rommelen.

Glutefräi a bal keng Kuelenhydrater, wat wëll ee méi?! Aplaz vu Miel an Huewer gëtt de Pizzadeeg ënner anerem aus roude Rommele gemaach.


Duerch déi rout Rommele kritt de Pizzadeeg eng liichtend rosa Faarf. De Pizzadeeg gëtt och nach mat Quinoa-Miel, Kokos-Ueleg oder Chia-Samen zoubereet. Duerch déi rout Rommele fält d’Pizza mat senger rosa Faarf net nëmmen zimlech op, mee déi maachen, dass d’Pizza och nach gesond ass!

Dat ass, well déi rout Rommele wäertvoll Mineralien, wéi ënner anerem Jod, Kalzium, Magnesium a vill Eisen enthalen. Wat nach dobäi kënnt ass, dass se och Betain enthalen, ee Stoff dee virun Häerzkrankheete schütze soll. 

Dës Pizza kann klassesch mat Tomaten a Kéis beluecht ginn. Wien awer eppes méi Extravagantes gären huet, kann als Basis Humus oder Pesto huelen. Als Topping da Champignonen, Avocado oder Rucolasblieder.

Ganz einfach selwer ze maachen. 
Du brauchs:

 

  • 2 grouss rout Rommelen déi geschielt sinn, dës ca. 45 Minutten am Uewe réischteren
  • 3/4 Taass Quinoa-Miel oder Kicheriebsen-Miel
  • 1 Ee
  • 1 EL Chia-Samen
  • 2 EL Bakpolver
  • eng Pris Salz
  • 1 EL Kokos-Ueleg

 

An esou gëtt se gemaach:

  • Den Uewen op 180 Grad virhëtzen a Bakpabeier scho bereet halen.
  • Alles gutt mixe bis een eng crèmesch Konsistenz huet.
  • De Pizzadeeg 25 Minutten op mëttler Temperatur baken.
  • Den Deeg eraushuelen, ofkille loossen an dann esou beleeë wéi een et gären huet!
  • Mat den Toppings nach eng Kéier 10 bis 15 Minutte bake loossen, a fäerdeg!

Loosst iech et schmaachen!

xx, Amy Watson