© Imaxtree/PR
Decke sinn elo voll am Trend. Also erof vum Kanapee an eraus op d’Strooss!
Vun elo un kanns de net nëmmen op der Couch vun denger Liiblings-Decke profitéieren, du kanns se vun elo un iwwerall mathuelen.
© Style du Monde
Fashion-Labels wei "Céline", "Calvin Klein" & Co weise wéi dësen Hierscht d'Decken als Accessoire gedroe ginn. Se gi ganz bequem ronderëm den Hals an d’Schëllere geluecht oder ganz lässeg iwwert den Arem gehaangen.
© imaxtree
Ëmmer eng waarm, kuscheleg Decken dobäi hunn? Ass dat net een Dram dee wouer gëtt? D’Fashion-Label "Céline" huet jiddefalls hire Statement an hirer Hierscht-Kollektioun gemaach.
Beim "Calvin Klein" ginn elo och Decken aplaz vu Posche gedroen.
© imaxtree
Den Trend gëtt esou gedroen, dass d'Decken vun de Schëlleren erofhänkt a matschwéngt bei all Schrëtt. Dat Ganzt funktionéiert awer och mat grousse Schalen, déi bal esou breet si wéi richteg Decken.
De Linus vun de Peanuts wousst schonn ëmmer wéi den Hues leeft. Hien leeft scho 70 Joer mat senger Schmusedecke ronderëm an ass domat definitiv den Trendsetter.
Als Fazit: Decken op der Strooss, villäicht e bëssen absurd. Mee fir déi Leit deenen et ëmmer kal ass, ass dësen Trend jo awer zimlech praktesch.
xx, Amy Watson