Bei wiem déi Wieder "Benching" a "Ghosting" schon am Wuertschatz sinn, ka sech denken ëm wat et bei "Submarining" geet.

Anscheinend ass der Online-Dating-Welt en normaalt Date wuel ze einfach.

Soss war et esou, dass een zesummen an de Kino gangen ass a sech lues a lues besser kenne geléiert huet a wann engem de Partner net gefall huet oder ee sech denkt “et passt einfach net”, dann huet een engem dat wuel oder iwwel soe missen. Mee dat ass an der Online-Dating-Welt langweileg an oldschool.

Dating-Apps si voll am Trend, an heiduerch entwéckele sech mëttlerweil ëmmer méi béis Aart a Weisen een ofzeservéieren.

Ënner “Submarining” versteet een, dass de Partner bemol verschwënnt an een näischt méi vun em héiert. Dann eng Woch, en Mount, oder ee Joer drop taucht dësen erëm op an hellt och erëm Kontakt op. Da soll natierlech alles esou sinn, wéi wann en nie fort gewiergt wier. Keng Entschëllegung parat, mee éischter eng Noriicht à la: “Salut, alles chill?”.

De Partner verhält sech also ewéi een U-Boot dat bemol erëm optaucht. Vun dohier den Numm “Submarining”.

Dat Ganzt kléngt leider esou wéi wann net genuch Interessi do gewiergt wär een erëm ze gesinn an een dann awer ze feig wär een ofzeservéieren.

Tf is wrong with people #lmao #random #ghosting #submarining #dating #hopeless #romanceisdead #instalove #love

A post shared by Genevieve Collins (@imdreamingofstars) on

Wann déi zwou Persounen natierlech mam “Submarining” averstane sinn, an dat Ganzt ofgeschwat ass, ass et jo eng aner Saach. Mee do wou dat net de Fall ass, soen ech nëmmen: Dir hutt eppes Besseres verdéngt, wéi z.B. een/eent dee wierklech un iech als Persoun interesséiert ass an iech dat och wéisst.
 
xx, Amy Watson