A Frankräich musse Reklammen, bei deenen d'Modele retuschéiert goufen, gekennzeechent ginn.
Zanter dem 1. Oktober ass a Frankräich e Gesetz a Kraaft wat ausseet, dass all
Publicitéits-Foto, bei där mat Photoshop geschafft gouf gekennzeechent muss ginn. An de
Reklamme gesinn d’Modele jo och ëmmer scho bal ze perfekt aus. Do gëtt meeschtens
uerdentlech mat Photoshop nogehollef.
Zanter dem Mee vun dësem Joer mussen d’Modelen a Frankräich en Attest vum Dokter
hunn, dass se fir hiren Alter net ze dënn sinn, soss däerfen se hir Arabescht net méi
weidermaachen. Dëst ass e Moyen wéi Frankräich wëll evitéieren, dass keng magersüchteg
Modelen méi um Catwalk sinn.
Ob e neits setzen d’Fransousen dann elo erëm en Zeechen a gi mam gudde Beispill fir. Elo
gëtt géint déi falsch Kierperidealer, déi d’Publicitéits-Welt verbreet, gekämpft. Esou
solle jonk Mädecher geschützt an erëm ee méi realistescht Bild vun der Fra an d’Welt geruff
ginn.
Also, bei deene Fotoe wou d’Kierperform vun de Modele verännert gouf, muss folgend
Informatioun drop stoen: „photographie retouchée“. Wien dës Reegel awer net anhält, ka Strofe vu bis zu 37.500 Euro kréien.
Deen eenzegen Nodeel bei der Saach ass, dass dëst Gesetz just bei der Manipulatioun vu
Kierperformen a Kraaft trëtt, an dat och nëmme bei de Reklammen, also net a
Moudezeitungen.
xx, Amy Watson