Halloween steet erëm virun der Dier. Déi eng freeën sech, déi aner si frou wann et erëm eriwwer ass …

Den 31. Oktober ass et esou wäit!

D’Wuert “Halloween” kënnt vun "All Hallow's Eve" wat op lëtzebuergesch “den Owend virun Allerhellgen” heescht. Deemools hunn d’Kelte gegleeft, dass an der Nuecht vum 31. op den 1. déi Doudeg operstinn, an sech déi lieweg an déi doudeg Welt géife vermëschen. Aus Angscht vun den Doudegen erkannt ze ginn, hunn d’Leit dann ugefaangen sech esou grujeleg wéi méiglech ze verkleeden, an dat ass bis haut nach bestoe bliwwen!

Fir déi, déi sech gäre verkleeden, heescht et elo: kreativ ginn!

Falls der nach keng Iddi hutt wéi der iech verkleede sollt, hei meng Top 5 Inspiratiouns-Beispiller.