© ohphoria.de/schrottwichteln/
Schonn eng Kéier eppes vu Wichtelen héieren? Vläicht awer och nëmme vun der traditioneller Aart a Weis?
Ech stellen iech gläich eng mei ausgefale Variant fir, wéi dir iech fir Chrëschtdag beschenke kënnt.
- Wichtelen
Wichtelen ass ee populäre Brauch kuerz viru Chrëschtdag. Mat Frënn, mat Aarbechtskollegen oder mat der Famill ka gewichtelt ginn. Bei där ganz traditioneller Wichtel-Variant ginn alleguerten d’Nimm opgeschriwwen a per Zoufall gezunn. Wie wiem eppes schenke muss, bléift awer geheim. Duerch dësen Zoufallsprinzip ass jidderee gläichgestallt. Jidderee muss 1 Kaddo maachen a kritt och 1 Kaddo geschenkt. Meeschtens ginn d’Geschenker bei enger klenger Feier oder Chrëschtdag selwer verdeelt.
Deemools war et esou, dass ee säi Geschenk dem Aneren heemlech an de Rucksak oder an d’Posch stieche misst. Et ass drëms gaangen deen Anere frou ze maachen ouni sech selwer an de Mëttelpunkt ze stellen.
An der Reegel steet d’Originalitéit vun de Kaddoe virun dem materielle Wäert.
- Schrottwichtelen
Mëttlerweil ginn et Tonne Variante wéi ee Wichtele kann. Hutt der schon eng Kéier eppes vu "Schrottwichtelen" héieren?
Dës Wichtel-Variant kléngt net wierklech no Spaass, mee et gëtt awer ee gescheiten Hannergedanken.
Beim Schrottwichtelen gi Saache verschenkt, déi ee selwer net méi gebrauche kann. Also déi perfekt Geleeënheet fir sech vu Saachen ze trennen, se awer net ewech ze geheien an een Anere souguer nach frou ze maachen!
Een anere positiven Aspekt ass, datt een al Saachen nei verwäerte kann. Esou kann een dann och ganz bewosst géint de Massekonsum virgoen.
De Gedankegang vu "Second-Hand" gëtt hei also ganz kloer rem opgegraff.
Schrottwichtelen heescht also: gitt alles lass wat der net méi braucht! Wat normalerweis net erwënscht ass, ass hei souguer gefrot! Natierlech geet et awer ëmmer nach drëms deen Anere glécklech ze maachen. Dir kënnt selwer entscheeden op der déi aner Persoun einfach zum Laache brénge wëllt oder em eppes schenkt wou der wësst, dass en dat nach ëmmer flott fonnt huet oder gebrauche kann.
xx, Amy Watson