Influencer hunn een neit Liiblings-Accessoire.
Wie reegelméisseg duerch säin Instagram-Feed scrollt, huet den neien Hierscht-Trend sécherlech schon entdeckt. Bei mir taucht dësen Trend jiddefalls op all zweeter Foto op. Hei schwätzen ech natierlech vun der Baker-Boy-Mutz!
Influencer wei d’Chiara Ferragni, d’Caro Daur oder d’Stefanie Giesinger sinn sech wat dësen Trend ugeet eens. D'Moudewelt kennt am Hierscht 2017 net laanscht déi nei Kappbedeckung.
Am 19. an 20. Joerhonnert goufen dës virun allem zu Paräis vu Männer gedroen. An der Haaptsaach vun Aarbechter oder Handwierker. An den 20er hunn d’Golfspiller sech dës Mutzen ënnert den Nol gerappt, mee hunn de Schnatt awer liicht em geännert.
Baker-Boy-Hats: Vun der Aarbeschter-Mutz zum Instagram-Trend
Elo gëtt dës Mutz virun allem vu Frae gedroen. Wien wonnert et och, d’Outfit wierkt lässeg an se verleet engem de Paräiser-Look. Dovunner ofgesi schütz se och viru schlechtem Wieder.
- Niewenbai nach: d’Mutz ass perfekt fir ee Bad Hair Day ze verstoppen oder och, wann een säin Nowuess verstoppe well bis ee fir d’nächst bei de Coiffeur geet. Dat heescht praktesch ass se also och nach.
Hei e puer vu menge Liiblingoutfits wéi een d’Baker Boy Mutz kombinéiere kann.
xx, Amy Watson