© Getty Images
Ganz einfach selwer gemaach.
Et gëtt dach kee Chrëschtdag ouni lecker Kichelcher, Famill, Kaddoen, vill Kussen, a scho guer net ouni Glühwäin! Sou gäre wéi mir de Glühwäin och all hunn, ass en zimmlech ongesond. D’Kombinatioun vun Zocker an Alkohol kann ee vun de Grënn sinn, firwat een iwwer déi Feierdeeg vill zouhuele kann.
Also gëtt et elo héich Zäit dëse Chrëschtklassiker bëssen opzepeppen an och déi eng oder aner gesond Versioun dovunner auszeprobéieren.
Ech stellen iech e puer Variante fir, déi mat, awer och ouni Alkohol super fonktionéieren.
1. De Klassiker: Glühwäin ouni Zocker
Du brauchs:
- 500 ml Cranberry- oder Granatäppeljus ouni Zocker (z.B. bei DM, Rossmann oder an engem Bio-Geschäft)
- 1 Kanéilstang
- 1 grousst Stéck Ingwer, geschielt
- 5 Kardamomskären
- 2 Neelcheskäpp
- 1 Orange, an dënn Tranchë geschnidden
- bëssen Hunneg
- 1 Liter Waasser ODER 1 Liter roude Wäin
Esou gëtt e gemaach:
- Alles zesummen an een Dëppe gehéien a kuerz opkachen.
- D’Plack ausmaachen, den Deckel op d’Dëppe sëtzen an dat Ganzt 15 Minutten zéie loossen.
- Fäerdeg ass de Glühwäin! Fir deen, deen et nach gäre bësse méi seiss hätt, kann Zocker oder Hunneg dobäi maachen.
2. Eng méi extra Variant: Glühwäi mat roude Rommelen an Orangen
Du brauchs:
- 2 Orangen, geschielt
- 1 rout Rommel, geschielt
- 1 net gesprëtze Mandarin an hir Schuel
- 1 net gesprëtzen Zitroun an hir Schuel
- 1 net gesprëtze Limett an hir Schuel
- 1 EL Ahornsirop
- 5 EL Waasser
- 4 Neelcheskäpp
- 1 Kanéilstang
- 1/2 Vanilleschoot
- 2 Lorberblieder
- 1 Pris Muskatnoss
- 1 Stéck Sternanis
- optional: 50 bis 90 ml Vodka oder wäisse Rum
Esou gëtt e gemaach:
- Orangen an déi rout Rommelen entsaften. Hei enstinn ca. 500 ml Jus.
- Bësse Mandarinen-, Zitrounen- a Limetteschuele mat enger Kéisrapp dënn rappen an haale fir méi spéit. Dann d’Mandarinen auspressen.
- Waasser an Ahornsirup an engem Dëppen op mëtteler Temperatur hëtzen. Duerno e bësse gerappten Zitrouneschuel a Mandarinenjus dobäi geheien.
- Fir d’nächst ginn all d’Gewürzer bis op de Sternanis an d’Dëppen dobäi gemach.
- 5 bis 10 Minutte lues kache loosse bis eng Zocht Sirop entsteet.
- Dann den Orange-Rommel-Jus an de Sternanis nach dobäi maachen a bei niddreger Temperatur alles nach eemol opkachen an zéie loossen.
- Optional: e Schoss Vodka oder Rum draschëdden.
3. Dës Kéier wäisse Glühwäin mat Äppel a Kanéil
Du brauchs:
- 400 ml wäisse Wäin (huet manner Kalorië wéi roude Wäin!)
- 250 ml Äppeljus ouni Zocker
- 2 Kanéilstaangen
- 2 Stécker Sternanis
- Schuel vun enger 1/2 net gesprëtzer Orang a breet Sträife schneiden
- 1 EL Hunneg
Esou gëtt e gemaach:
- Wäisse Wäin, Äppeljus, Kanéilstaangen, Sternanis an d’Orangeschuelen an engem Dëppen opkachen. Temperatur da ganz niddereg stellen an 10 Minutten zéie loossen.
- Erof vun der Plack huelen, Hunneg dobäi maachen a fäerdeg!
Lauschter eran
xx, Amii Watson