Hei meng 3 Tipps géint de Wanterblues!

D’Deeg sinn ërem méi kuerz, et ass kal dobaussen an et fillt ee sech bal wéi doheem agespaart. Dat sinn dräi Unzeechen, dass et Wanter ass! Wien dat Gefill nach kennt, fir sech am Wanter fir näischt motivéieren ze kënnen an déi ganzen Zäit midd ass, fir deen hunn ech meng perséinlech Top 3 Tipps fir de Wanter besser ze iwwerstoen.

Sou vill Luucht wéi méiglech

Am Wanter leide vill Leit u Vitamin D Mangel, dat well de Kierper net genuch Luucht kritt. Dowéinst ass et wichteg bei all Geleeënheet e bëssen eraus an d’frësch Loft ze goen. Wann een elo och nach Sport dobaussen an der frëscher Loft maache géif, dann huet een natierlech den Jackpot geknackt. Sport mécht waakreg, gutt Laun a sengem Kierper deet een och nach eppes Guddes.

Déi nächst Rees plangen a buchen

Wie stellt sech am kale Wanter net gäre vir et géif ee grad op engem wäisse Sandstrand leien an d’Dausche vum Mier am Hannergrond héieren? Dat mécht engem Freed an hëlleft engem och besser duerch de Wanter ze kommen. Mee firwat sech dat nëmme virstellen, wann ee seng nächst Rees och elo scho buche kann? D’Virfreed soll jo anscheinend déi Schéinste sinn.

Musek

Ech kann nëmmen aus perséinlecher Erfarung schwätzen, mee esou bal et mir net immens gutt geet an ech meng Musek lauschtere kann, sinn ech scho besser drop an et hëlleft mer op aner Gedanken ze kommen! Wéi eng Zort Musek dir elo am léifsten hutt, a wéi eng iech am beschten deet, dat wësst der bestëmmt. Am Fall wou dat awer net esou ass, an dir bëssen Inspiratioun braucht; hei eng Playlist mat menge Liiblingslidder!

RTL
Lauschter eran!

xx, Amii Watson