Wa mer bis fir eis sinn, ouni Oflenkung vun anere Leit an der digitaler Welt, dann di mer eiser Gesondheet an eiser Séil eppes Guddes.
Wéi eng Zort Mënsch bass du?
Mir wësse jo all dass et verschidden Zorte Mënsche ginn. Déi eng, déi dauernd Leit ronderëm sech wëllen hunn a schonn onroueg gi wann se nëmme kuerz eleng sinn. An déi aner, déi et brauche fir bëssen eleng ze sinn a sech gäre mat sech selwer beschäftegen. Menger Meenung no ginn et eendeiteg Virdeeler, wann ee sech selwer erlaabt heiansdo eleng ze sinn.
Wat heescht iwwerhaapt “eleng sinn”?
Eleng sinn ass hautdesdaags guer net méi sou einfach. Kann ee mat Smartphone, Laptop an Tëlee iwwerhaapt nach eleng sinn? Physesch si mer zwar eleng, mee wann ech z.B. mat engem via Social Media schreiwen, fillen ech mech awer net eleng. Ass dat bei iech anescht? Et ass schwéier ofzeschalten, wann een déi ganzen Zäiten Noriichte geschéckt kritt. Mee grad dowéinst ass et sou wichteg sech 30 Minutten den Dag Zäit nëmme fir sech ze huelen a sech op Digital-Detox ze setzen.
Virdeeler am Alldag
Wa mer bis fir eis sinn, ouni Oflenkung vun anere Leit an der digitaler Welt, dann di mer eiser Gesondheet an eiser Séil eppes Guddes. Mir ass et scho mol virkomm, dass ech Problemer verdrängt hunn an du wéi ech eleng war konnt ech mech mat hinnen ausernee setzen a mer Zäit huele fir se ze léisen. Problemer verdrängen ass jiddefalls keng Léisung. Och wann ee schwéier Decisiounen ze treffen huet, kann een esou besser iwwerleeën an all Aspekter iwwerdenken, wat wahrscheinlech dozou féiert, dass ee besser Entscheedungen trëfft. Dat Ganzt bréngt eis also ee méi ausgeglachenen Alldag.
Menger Meenung an Erfarung no ass et wichteg ze lauschtere wat eise Kierper an eis Séil eis soe wëllen. Dofir ass et wichteg sech d’Zäit ze huele fir nozelauschteren.
Wat ass är Meenung dozou? Wéi eng Erfarung hutt dir schonn zu dësem Thema gemaach?
xx, Amy Watson