© InStyle
Et huet ee wahrscheinlech scho vun all Faarf ee mol héieren, dass se Schwaarz ofléise soll. Bis elo huet et awer keng gepackt, ausser an enger Serie.
Dat gouf et jo schonn oft, eng nei Faarf soll déi Schwaarz Faarf ofléisen. Déi eng Kéier soll et blo sinn, déi aner Kéier soll et orange sinn.
Brong als nei Trend-Faarf? Gi mer der Saach eng Chance!
Brong ass dat neit Schwaarz, huet d’Streetstyle-Ikon Giorgia Tordini zu Paräis op der Fashion-Week gewisen.
Firwat gëtt iwwerhaapt ëmmer erëm probéiert déi Schwaarz Faarf duerch eng aner ze ersetzen? D’Trendfuerscherin Li Edelkoort begrënnt dat Ganzt esou: Schwaarz ass eng Faarf déi d’Leit oft mat negative Gefiller verbannen ewéi z.B. Trauer. Wat awer nach dobäi kennt ass, dass brong u Popularitéit gewënnt well den Ethno-Trend um wuessen ass. Hei gëtt sech haaptsächlech un Landschaften, Déieren a Mënschen inspiréiert.
Brong ass mëttlerweil awer net nëmme bei de Streetstyle-Stars beléift, mee et gesäit een se elo och op den internationale Catwalks. Dës Faarf kennt z.B. bei Designer wéi Stella McCartney, Prada oder Tibi fir.
De Virdeel vun dësem Trend ass, dass mer am Hierscht dann net grad esou bleech ausgesinn, well do verléiert ee jo gäre mol säi bronge Teint aus der leschter Vakanz. Bei engem schéine bronge Mantel dogéint, gesäit een och am Hierscht nach ëmmer ganz frësch a monter aus.
Mee brong ass net gläich brong, do ginn et vill verschidden Téin a Nuancen sou dass och fir jiddereen eppes dobäi ass!
xx, Amy Watson