© mikobowen, Instagram
Chrëschtdag, déi schéinsten Zäit vum Joer.
Kee Stress, et huet een Zäit fir erofzekommen an natierlech huet ee vill fräi wéinst all de Feierdeeg. Esou ass dat awer nëmmen an der Theorie. Praktesch gesäit et esou aus: STRESS STRESS STRESS.
Et sicht een no dem perfekte Geschenk well een den anere jo net enttäusche well. Dëse Kaddo soll natierlech och nach schéi verpak sinn an zur Zäit fäerdeg sinn. Dat kann dozou féieren dass den Dezember dann awer méi hektesch gëtt wéi en eigentlech soll.
MEE et ginn do e puer Saachen déi Chrëschtdag awer wierklech wichteg sinn, déi leider heiansdo am ganze Stress ënner ginn. Dofir hunn ech 3 Saachen erausgesicht fir den een oder aneren (nach eng Kéier) un déi wichteg Saachen ze erënnere ...
Zäit
Fir d’éischt fänkt et scho mol domat un sech Gedanken em den Aneren ze maachen. Gëtt et iergendeppes wat meng beschte Frëndin/mäi beschte Frënd, meng Mamm oder mäi Brudder schonn ëmmer wollt hunn a wou ech weess dass ech deemjéinegen eng riseg Freed maache géif? Oder soll et awer léiwer eppes Selwer-Gemaachtes sinn, wat mat ganz vill Léift virbereede gëtt? Et hellt een sech Zäit fir deene Leit déi engem wichteg sinn eng Freed ze maachen. Et hellt een sech Zäit Chrëschtdag mat deene leit ze verbréngen déi engem am wichtegste sinn. Egal op een zesummen den Chrëschtbeemche kafe geet, zesumme kacht oder zesummen ësst. Haaptsaach et mécht een sech en schéinen Dag mat senge Léifsten.
Atmosphär
Et ginn sou vill kléng Saachen déi Chrëschtdag esou schéi maachen. Sief et déi vill Girlanden, Lametta oder Glitzer. Iwwerall wou een hikuckt blénkt a liicht et. Dann hofft een op den éischte Schnéi oder och nëmmen ee gudde waarmen Téi, frësch gebaakte Kichelcher vun der Boma, de gudde Geroch vun de Käerzen oder dat gutt Iessen. Dës Klengegkeete maachen dach dass Chrëschtdag eppes Extraes ass.
Dat Allerwichtegst ass awer einfach beieneen ze sinn an eng schéin Zäit ze hunn.
Wat ass iech Chrëschtdag besonnesch wichteg?
xx, Amy Watson