Deng Chrëschtkaddoen hues du. Elo mussen se just nach verpak ginn ...
Et ass dach all Joer dat selwecht. Da mengt een et hätt een de Stress vum Kaddoe kafen hannert sech, mee da fält engem erëm an, dass engem seng Kaddoen nach guer net agepaakt sinn …
Du hues guer keng Loscht deng Kaddoen anzepaken an weess och guer net wéi dat geet? Falls du also elo eppes dorun ännere wëlls, dass deng Kaddoen ëmmer déi sinn, déi am ellenste verpak ënner dem Chrëschtbeemchen ausgesinn, da kennt hei elo d’Léisung!
Schonn eng Kéier eppes vun enger diagonaler japanescher Verpakungs-Technik héieren? Mat dëser Technik soll et méiglech sinn, seng Geschenker a 15 Sekonne verpak ze hunn. Natierlech muss en hei awer bëssen Übung hunn bis ee wierklech schnell ass. Mee spéitstens no Chrëschtdag bass de de Meeschter wat déi diagonal Verpakungs-Technik ugeet!
Esou verpécks du däi Kaddo a 15 Sekonnen:
De Kaddo diagonal op de Kaddospabeier leen. De Pabeier dräi mol falen a mat 3 Stécker Scotch festmaachen, a fäerdeg bass de. De Youtuber BeatTheBush wéist eis nach eng Kéier genau wéi geet a sengem Step-by-Step-Tutorial.
Hei souguer nach eng Kéier ouni Scotch!
Meng Chrëschtkaddoe wäerte jiddefalls elo alleguer esou verpak ginn.
xx, Amy Watson