Fir Silvester ass dëse Wanter definitiv Glitzer ugesot!

Am Dezember blénkt et iwwerall. Dat gëllt vun elo un awer net méi nëmme fir d’Chrëschtdeko. Fir de Schluss vum Joer ze feieren, garantéiere Glitzerkleeder fir de Wow-Effekt.

Wéi d'Kendall Jenner d’lëscht Joer ee sëlweregt Kettekleed fir säi Gebuertsdag unhat, ass den 2000er Paris-Hilton-Look erëm nei opgebléit.

vintage Paris Hilton vibes

A post shared by Kendall (@kendalljenner) on

Och Chanel huet eis an hirer Fréijoer/Summer Kollektioun 2018 gewisen, dass eise Schong e bësse Glitzer feelt. Op dat elo Boots oder Highheels sinn.

Passend zu der Party-Saison ass also elo alles wat glitzert absolut am Trend! Egal op goldege Blazer oder Pailletterack, wat méi opfälleg wat besser! Dës Kleeder fënnt ee grad an ale Faarwen a Formen. Esou ass dann och garantéiert eppes fir all Goût a Firgurtyp dobäi!

EAT YO GREENS FAM💯 #NotSponsored

A post shared by Tanya Kupelian (@tanyakupelian) on

Falls du also nach net genau weess wat s de fir Silvester undoe solls, a keng Loscht hues erëm de selwechte schwaarze Rack unzedoe wéi d’lescht Joer, dann ass ee Glitzerrack jiddefalls den Tipp deen ech dir ka ginn. Egal op s de op eng Home-Party oder eraus gees, e bësse Glitzer schued dach ni.

🍁#Sparkly #glitterdress #Ootd #Autumn #glitterskirt

A post shared by Meriam ◆ مريم‬ (@meriam_sd) on

Fir déi, deenen dat Ganzt awer bëssen ze vill ass, kann ee säin Outfit ëmmer nach mat blénkegen Accessoirë vervollstännegen.

Lauschtert eran!

xx, Amy Watson