Tipps wéi et méi einfach ass seng Virsätz anzehalen a wéi ee sech ëmmer erëm op en neits motivéiere kann.
Et hellt ee sech fir manner ze drénken, opzehale mat fëmmen a sech méi gesond ze ernären. Ufank Januar erwächt een da mat déckem Kapp, der Zigarett am Mond a géint déi schlecht Laun bestellt ee sech da mol eng Pizza.
Esou muss et net goen! Hei e pur Tipps wéi et méi einfach ass seng Virsätz anzehalen a wéi ee sech ëmmer erëm op en neits motivéiere kann.
- E puer präzis Virsätz
Fir d’éischt muss een seng Virsätz präzis ausformuléieren. Wann ee méi Sport maache wëll, da muss ee sech virhuelen z.B. 1 mol d’Woch an de Fitness ze goen. Wann ee sech méi gesond ernäre wëll, da muss ee sech virhuelen amplaz vu Séissegkeeten z.B. Uebst ze iessen.
Et soll ee sech och net ze vill virhuelen. Eng oder zwou Saachen, déi engem wierklech um Häerz leie ginn duer. Bei ze ville Virsätz ass et meeschtens onrealistesch se all kënnen duerch ze zéien.
- Sech belounen
Kléng Belounungen, mat deenen ee sech sécher eng Freed mécht, sinn eng gutt Motivatioun! Natierlech soll dës Belounung och Sënn maachen an net kontraproduktiv fir den neie Virsaz sinn. Fir all Woch wou ee säi Virsaz agehalen huet kann ee sech jo da belounen an da lues a lues op all 2. Woch oder all Mount wiesselen.
- Ënnerstëtzung
Wat och nach hëlleft seng Virsätz anzehalen ass wann een Ënnerstëtzung huet. Sich der een den déi selwecht Ziler huet a motivéiert iech géigesäiteg! Zu zwee soll ee jo och méi Spaass hunn wéi eleng!
Ech wënsche jidderengem ee frout a schéint neit Joer an drécke jidderengem d’Daumen dass dir duerhalt an är Ziler erreecht!
Xx, Amy Watson