© alexisren
Wat heescht dat iwwerhaapt?
Du muss dech gesond ernären, du muss Sport maachen, du muss eraus an d’frësch Loft, du muss deng Wunneng propper halen an d’Lëscht ka laang weider goen … Et gi vill Faktoren déi bei engem gesonde Liewensstil matspillen. Mee déi déi ziele sinn awer nëmmen déi, déi dir am wichtegste sinn.
HEALTHY LIFESTYLE
Eng gesond Liewensastellung fänkt am Kapp un, et ass méi wéi sech bewosst ze ernären. Et ass e gewëssene Mind-Set an eng Iwwerzeegung. Géif ee beim Tanken, bëllege Bensin fir säi Farrari eraus sichen? Ech denken éischter net. Esou musse mer och iwwer eise Kierper an eis Psych denken. Ee gesonde Kierper brauch Qualitéit wat seng Ernärung ugeet an de Kapp brauch positiven Energie.
Fir mech heescht e gesonde Liewensstil:
- Sech bewosst ze ernären a sech ze beweegen. Also nëmmen dat Bescht fir säi Kierper wëllen. Et geet net drëms am Fitness-Studio ze posen, mee dorëms méi Energie ze hunn a sech besser ze fillen. Mat méi Kraaft kann ee sech selwer iwwerraschen. Et kann ee Sachen erleedegt, wou een net wousst, dass ee fäeg dozou wär an dat stäerkt engem säi Mind-Set erëm.
- Positiv an optimistesch ze liewen. Mir decidéiere wéi mir d’Welt wëlle gesinn. Ass d’Glas hallef voll oder hallef eidel?
- Och déi kléng Saachen am Liewe schätzen ze wëssen. Näischt ass selbstverständlech.
- Genéisse léieren. Wien huet Schockela net gär? Heiansdo muss een sech och eppes gënnen. Dat wichtegst ass déi richteg Balance.
LIFE-WORK-BALANCE
Schonn eng Kéier eppes vu Life-Work-Balance héieren? An der Definitioun steet dat fir den Zoustand bei deem Liewen a Beruff am Aklang matenee sinn. Dës Balance ass näischt wat een erreeche kann, mee eppes wat een ëmmer erëm upasse muss u seng alldeeglech Situatiounen. Menger Meenung no dréit dës Balance vill zu engem gesonde Lifestyle bäi. Et geet net drëms vill erleedegt ze kréien, mee déi Saachen op déi ee Wäert leet. Well dat ee frou mécht.
Fir mech heescht eng gesond Life-Work-Balance:
- Nee kënnen ze soen.
- Net ëmmer probéiere perfekt ze sinn
- Net méi schaffen, mee sech méi gescheit investéieren
- Sech selwer Reegelen ze setzen, wéi z.B. Vun 20h00 u gi keng Maile méi gelies.
Ech hoffen ech konnt iech bëssen inspiréieren.
xx, Amy Watson