Firwat grad dës Faarf a wéi dës Previsioune gemaach gi gitt der elo gewuer!
All Joer gëtt vu Pantone eng Faarf als "Faarf vum Joer" gekréint. Dëst Joer ass dat Ultra Violett!
Pantone ass eng amerikanesch Firma, där hiert Faarwe-System sech weltwäit duerchgesat huet. Am Ufank hunn si sech méi op d’Moude- an d’Kosmetik-Branche konzentréiert, mee mëttlerweil gëtt hire Faarwe-System och an der Drock- a Grafikindustrie benotzt.
Ultra Violett steet fir Originalitéit, Kreativitéit an ass d’Faarf vun de Visionären. D’Leatrice Eiseman, d’Faarf-Spezialistin vu Pantone seet, dass Ultra Violett den Zäitgeescht vun haut erëm gëtt.
"Die Pantone-Farbe des Jahres geht inzwischen weit über bloße Trends in der Design-Welt hinaus – sie spiegelt vielmehr wieder, was in unserer heutigen Welt gebraucht wird. Rund um den Globus steigt die Faszination für Farbe. Die Menschen erkennen die Möglichkeit, mit Farbe tiefere Botschaften und Bedeutungen zu übermitteln. Vor diesem Hintergrund sollten Designer und Marken sich darin bestärkt fühlen, mit Farbe zu inspirieren und zu beeinflussen. Die Farbe des Jahres ist eine Momentaufnahme, die der Trend- und Designwelt eine strategische Ausrichtung bietet. "
- LAURIE PRESSMAN, VIZE-PRÄSIDENTIN VUM PANTONE COLOR INSTITUTE
Den däischtere Mof-Toun soll un den Himmel an der Nuecht erënneren an esou d'Dier zu der Gefillswelt opmaachen. Mof gëtt oft a Verbindung mat Verlaangeren a Virwëtz gesat. Se soll een inspiréieren, engem hëllefe kreativ ze sinn an Experimenter ze woen.
Op der anerer Säit soll mof awer och eng heelent Wierkung hunn a géint de stressegen Alldag virgoen.
- Wéi kann een Trends iwwerhaapt virausgesinn?
D’Faarf-Spezialiste, wéi ënner anerem d’Leatrice Eiseman, analyséieren Trends aus allen Designberäicher. Dozou gehéiere Konschtstécker, Verpackungs,-, Grafik- an Industriedesign, awer och populär Plaze wou d’Leit an d’Vakanz gi fléissen hei mat an. Si kucke wourun sech d’Designer inspiréiert hunn, sichen nom Ursprong vun dësen Trends a wat se all gemeinsam hunn.
Also loosst iech inspiréieren a kuckt wou dir dës Faarf an ärem Alldag matabezéie kënnt! Ob dat elo Kleeder, Dekoratioun oder Lifestyle-Produite sinn, mat Ultra Violett sidd der definitiv am Trend!
xx, Amy Watson