Elo heescht et net méi Hot Chocolate mä Hot Smoothie!

D’Foodies schwiere scho laang op dëse gesonde Shake. Wat dat ganzt awer nach toppt ass, wann een zu dëser kaler Joreszäit dann och ee Gedrénks huet wat ee bëssen opwiermt.

Hot Smoothies si grad zimlech beléift, wat een op Pinterest a bei de Foodblogger gesäit. Wéi wär et also mat engem Smoothie mat Espresso-Goût, Banann an Dattelen oder engem waarme Smoothie mat Chia-Som a Kanéil?

De Smoothie ass net industriell, mee mat natierleche Produiten hiergestallt. Et gëtt keen iwwerflëssegen Zocker dobäi gemaach an se sinn ëmmer frësch zoubereet. Also si Smoothien déi besser Alternativ zu engem Schocki. Kalorië gi gespuert an aplaz ginn et Vitaminnen. Wat wëll ee méi?

Smoothie mat Espresso-Goût, Banann an Dattelen

Dofir brauch een: 

1 Banann

1 TL Maca-Polver

1 frësch gemaachten Espresso

½ TL Kanéil

2 Dattelen

1 EL Erdnossbotter

200 ml Kokosmëllech

1 Prise Vanill

Als Topping kann en Kokosflocken oder Erdnossbotter benotzen.

Esou gëtt et gemaach: 

An de Mixer kennt d'Banann mam Espresso, de Maca-Polver, d’Dattelen, d’Erdnossbotter an d’Kokosmëllech. Dann gëtt alles op héchster Stuf gemixt an d’Resultat ass ee cremege Smoothie!

Waarme Smoothie mat Chia-Som a Kanéil

Dofir brauch een: 

4 Dattelen

2 Banannen

1 EL Kakao-Polver

½ TL Kanéil-Polver

2 EL Chia-Som

200 ml kachent Waasser

Esou gëtt et gemaach: 

Fir d’éischt muss een de Kär aus den Dattelen huelen, wann esou een dran ass, an se a ganz kleng Stecker schneiden. Dono ginn d’Banannë geschielt a kléng geschnidden. Als Läscht geheit een dann alles zesummen an de Mixer an et stellt een dësen op déi héchste Stuf an.

Gebrodenen Apel-Smoothie mat Huewerflacken

Dofir brauch een: 

4 Äppel

100 ml Äppeljus

1 EL Chia-Som

1 EL Huewerflacken

5 Mandelen

1 TL Kanéil

Ueleg fir d’Äppel am Uewen unzebroden

Esou gëtt et gemaach: 

De Chia-Som als éischt mam Äppeljus mëschen an ongeféier 30 Minutte stoe loossen. An där Zäit den Uewen op 200°C virhëtzen an d’Äppel schielen a kléng schneiden. Dës kléng Äppel-Stécker ginn dann am Uewen an enger agefetter Form ca. 15-20 Minutten ugebroden. Dono kann een nach bësse Kanéil iwwert se streeën. Zum Schluss da erëm alles zesummen an de Mixer maachen an op héchster Stuf vermëschen.

Wann s de dech fir nach méi Food-Trends interesséiers, da muss de der onbedéngt den "Flowers on my plate" Blog ukucken. D’Bloggerpärchen Dani a Michael poste virun allem simpel a saisonal Rezepter.

Loosst der et schmaachen!

Lauschter eran!

xx, Amy Watson