Dir hutt iech ëmmer scho gefrot wourauser dëse Job iwwerhaapt besteet a wéi ee professionelle Make-Up Artist gëtt?

Ech hat een Interview mam Luca De Michele. Hien huet dëst Joer als Make-Up Artist zu Berlin op der Fashion Week geschafft! Dat Ganzt gouf him erméiglecht well en zu Berlin beim Newcomer Make-up Artist Award drëtte ginn ass.

Däin Dram war et also och ëmmer nach Make-Up Artist ze ginn? Dann nëmme GO! Et ass méiglech och als Autodidakt voll duerch ze starten.

RTL

© Christine Eckardt

Alles wat de Luca iwwer d’Make-Up-Welt weess huet hien sech selwer bäibruecht. Fir um neiste Stand ze bléiwe wat nei Produiten uginn, kann een sech op Youtube oder Instagram informéieren an inspiréiere loossen. Et ass alles eng Saach vu Wëllen an Ausdauer!

De Job besteet dorausser vill Gedold ze hunn an esou gutt wei méiglech op d’Wënsch vun de Clienten anzegoen. Een anere wichtege Punkt ass, aktiv op de sozialen Netzwierker ze sinn. Dat Allerwichtegst ass a bléift awer d'MOTIVATIOUN.

RTL

© Christine Eckardt

Wéi bei all Job ginn et positiv an negativ Säiten. Op der enger Säit ass et een haarde Job bei deem ëmmer 100% vun engem verlaangt gëtt a wou een oppasse muss, dass een net ausgenotzt gëtt. Op der anerer Säit, sinn déi Momenter wou d’Clienten, sief dat eng Braut oder e Model, glécklech mat der Aarbecht ass, déi schéinste Momenter iwwerhaapt, esou de Luca De Michele.

Ee spezielle Geheimtipp vum Luca ass, de Mascara mat Hëllef vun engem Läffel opzedroen. Mat dësem verdeckt een den Aendeckel an da kënnen d’Wimpere getuscht ginn, ouni Flecken ze maachen!

RTL

© Christine Eckardt

Mäin Fazit vun dësem Interview ass, dass wann ee professionelle Make-Up Artist wëll ginn, et immens wichteg ass Motivatioun ze weisen, Gedold ze hunn a frëndlech ze sinn, och mat Clienten déi dat selwer net sinn. An zu gudder Lescht muss een Netzwierker opbauen déi engem d’Méiglechkeet gi weider ze kommen a sengem Beruff.

Lauschter eran!

xx, Amy Watson