Wéi kann een ee Statement an der Moud maachen?

Ee Fashion Statement ka sech op verschidde Saache bezéien. Zum Beispill hu vill Fraen an de 50er a 60er ugefaange Boxen unzedoen. Dëst war ee Statement, mat deem se hier Fräiheet an Onofhängegkeet ënnersträiche wollten. Mee dat kann awer och ee Statement sinn, mat deenen een einfach seng Personalitéit ënnersträiche well. Ech menge Leit déi sech schick an elegant undinn, hu jiddefalls eng aner Aura, wéi z.B. Leit déi hir Kleeder an engem Second-Hand Shop kafen.

Dat ganzt Konzept vu “ee Fashion Statement maachen” huet mat Streetstyle-Blogs ugefaangen. Am Streetstyle geet et dorëms, seng Inspiratioun net aus der High-Fashion ze kréien, mee vun der Strooss. Blogger hunn hei Leit op der Strooss fotograféiert, déi een interessante Stil haten an hunn dës Fotoen op hirem Blog gepost.

Dass Leit sech opfalend gekleet hunn, war näischt Neies. Mee dat wat nei war war, dass dës Leit dowéinst fotograféiert goufen an se direkt eng Audienz vun dausende vu Leit um Internet haten. Esou huet de Fotograf oder de Blogger deene Leit, oder de Kleeder déi se unhaten, d’Opmierksamkeet vu senge Follower ginn.

MEE ass et iwwerhaapt wichteg ee Statement an der Moud ze maachen? Och wann ee kee Blogger ass, an een net grad duerch London leeft an der Hoffnung fotograféiert ze ginn? - Fir mech perséinlech JO!

Menger Meenung no, si Kleeder eng Aart a Weis mat der Aussewelt ze kommunizéieren. Et beaflosst wéi een sech selwer fillt an och wéi déi Aner op ee reagéieren. Also wann s du dech besser fills wann s de eppes knall Roudes unhues, da Go For It! Wann ech z.B. eppes unhunn, wat ech selwer langweileg fannen, da fillen ech mech och deementspriechend. Mat senger Kleedung kann ee säi Charakter ënnersträichen an sech senge Matmënsche matdeelen. Et baut een sech säin eege perséinleche Stil op an et wéisst een der Welt seng Identitéit.

© http://www.jiangluosan.net/QuotesFashionTrends513yzmrgfjy/

Et ass egal wéi eng Grënn een huet fir ee Fashion Statement ze maachen, dat wichtegst ass sech selwer trei ze bléiwen. Et geet net drëms ëmmer nëmmen am Trend ze sinn, mee ze weise wat engem seng eegen Identitéit ass.

Mäin Fashion Statement vun dëser Woch ass:

Lauschter eran!

xx, Amy Watson