© elum3a
Wie kennt dat net? De Kleederschaf bis zum Maximum gefëllt an awer fënnt ee näischt Anstänneges fir unzedoen!
De Project 33 3 Challenge kéint genau déi Léisung sinn, déi mer fir dëse Problem brauchen.
D’Iddi dohannert ass déi Folgend. Sich der 33 Kleedungsstécker eraus, Accessoiren, Schong a Kleedung fir dobaussen inclus, déi s de déi nächst 3 Méint undoe wëlls. Pyjama, Ënnerwäsch, Kleeder fir doheem ze chillen a Sportskleedung gehéieren hei net dozou.
Grënn dës Challenge ze probéieren :
- Ech well mäin Schaarf ausmëschten
- De Projet kléngt sënnvoll an ass trotzdeem eng Erausfuerderung
- Ech well meng Kleeder méi kreativ matenee kombinéieren a mäin eegene Stil fannen
- Zäit, Energie a Sue spueren
An traus du dech?
An deem Moment an deem ee sech zwéngt, sech fir 33 Kleedungsstécker ze entscheeden, erkennt ee wat noutwendeg ass. Et forcéiert ee sech déi wierklech wichteg, villsäiteg a schéinste Kleeder eraus ze sichen. Esou gesäit ee wat am meeschte Valeur fir een huet a wat wierklech zielt.
Andeems ee sech limitéiert wat seng Kleedungsstécker ugeet, verléiert ee säin eegene Stil net, mee et hëlleft engem en ze fannen.
Bei ville Leit déi online iwwer hier 33 3 Experienz geschriwwen hunn, hunn ech gelies, dass et wierklech kengem opgefall ass, dass se sech an hierer Kleederunzuel beschränkt hunn. Ech mengen de Leit ass et och éierlech gesot egal, ob een haut déi selwecht Box unhuet, déi ee virun 2 Deeg och un hat.
Spillreegelen:
- Wéini? Egal wéini, Haaptsaach während 3 Méint
- Wat? 33 Stécker: Kleeder, Accessoiren, Schong a Kleedung fir dobaussen inclus.
- Wat net? Wat net Deel vun deenen 33 Stécker ass, ass den Hochzäitsréng, Ënnerwäsch, Pyjama, Kleeder fir doheem ze chillen a Sportskleedung.
- Wat nach? Denk drun dass de der deng Kleeder esou zesummestells, dass de domat liewen a schaffe kanns. Wann s de der eppes Neies keefs, da muss och erëm eppes Ales ewechgeraumt ginn.
Et gëtt keng magesch Unzuel vu Kleedungsstécker fir dee perfekte Kleederschaf, mee firwat net einfach eraus fanne wat déi perfekten Unzuel vu Kleeder (déi ee wierklech brauch) fir ee selwer ass?
Fir all déi, déi sech fir dëse minimalistesche Lifestyle interesséieren, kann ech dës Dokumentatioun op Netflix stäerkstens recommandéieren!
xx, Amy Watson