Mäi Festival MUST HAVE #1!

De Coachella steet erëm virun der Dier! Dat heescht d’Festival-Saison ass gläich erëm lancéiert!

All that gold 📷: @jbajsel

A post shared by Coachella (@coachella) on

Wat op Festivals wierklech net ewech ze denken sinn, sinn déi all-ëmstriddene Bauchtäschen, oder och nach Banannen esou wéi ech se nennen. Déi Eng fannen se richteg ellen an déi Aner schwieren drop. Ech sinn do ee vun där Zort, déi wierklech drop schwieren an se souguer droen wann ech mol net op engem Festival sinn!

The bravest thing you will ever do is love again.

A post shared by Amy Watson (@amiiwatson) on

Firwat ech esou op dës Bauchtäsche schwieren:

  • Se sinn ultra praktesch, well all déi wichteg Saache wéi Handy, Portmonnie a Schlësselen dra passen. 

  • Se sinn kléng an handy. Wann een eraus geet an e bëssen danze well, ass een net genervt vun enger schwéierer Posch, mee et kann ee sech ganz fräi beweegen.

  • Et brauch ee keng Angscht ze hunn, dass engem eppes geklaut gëtt well ee seng Bauchtäsch ganz no u sengem Kierper dréit an een se all Moment am Bléck huet.

Fir déi, déi ech nach ëmmer net vu menge Banannen iwwerzeegt hunn, ginn et elo souguer Designer Bauchtäschen! Dat heescht dat Argument "well se elle sinn" gëllt also elo net méi. Designer vu Gucci, Kenzo a Stella McCartney bréngen de Festival-Accessoire elo op d’Catwalks. Natierlech ginn et awer och schéi Bananne déi ee sech leeschte kann z.B vun Herschel oder Urban Outfitters. D'Fotoen heizou fannt der online ënner lifestyle.eldo.lu.

Lauschter eran!

xx, Amy Watson