© Pexels
An dat zielt fir Bezéiungen ewéi och Frëndschaften.
Et gi verschidde Koppelen, déi streide wéineg, mee da ginn et och nach déi, déi streiden ni. Wierklech ni. Jo dat gëtt et...
Mee wat heescht dat? Ass dat ee gutt oder ee schlecht Omen fir d’Bezéiung?
- Eigentlech ass et ganz einfach. Verschidde Koppelen, streiden einfach manner oder guer net, well se besser matenee kommunizéieren. Dat heescht, et bréngt ee seng Wënsch a Virstellunge besser zum Ausdrock. Wat awer elo net heesche wëll, dass esou Koppelen ni mateneen diskutéieren. Allerdéngs gi Meenungsverschiddenheeten duerch gutt Kommunikatioun geléist. Ee ganz klore Virdeel ass, wann ee sech iwwer ee längeren Zäitraum kennt. Esou versteet ee sech besser an et weess ee genau wat deen anere rose mécht oder wéi een de Partner berouege kann. Dat ass den Idealfall.
- Et kann awer och sinn, dass eng Koppel ni streit, well se de Meenungsverschiddenheeten aus dem Wee geet. Dat ass net esou gutt. Esou staue sech vill Emotiounen un. Wann een ëmmer nogëtt an ni säin eegene Wëllen duerch zéie kann, kann dat zu Frust an der Bezéiung féieren.
Also wann s du ni mat dengem Partner streits, kanns de dech froe wourun dat läit. Funktionéiert är Kommunikatioun einfach perfekt, oder gitt der den Diskussiounen éischter aus dem Wee?
Wann dat éischt op iech zoutrëfft, da Gratulatioun! A wann dat zweet éischter passt, dann ass et wichteg sech auszeschwätzen an ze kucke wourun de Kommunikatiounsproblem läit.
Dat Ganzt trëfft, menger Meenung no, net nëmmen op Koppelen zou, mee eigentlech op all Relatiounen déi ee sou huet. Egal op frëndschaftlech oder familiär Relatiounen, richteg Kommunikatioun ass bei villem d'Léisung.
xx, Amy Watson