Wat mécht een "Girl Boss" also eng erfollegräich Fra aus, a wéi gëtt een zu sou enger?

Heiansdo freet ee sech, wéi erfollegräich Fraen dat maachen, fir alles ënner een Hutt ze kréien. Top ausgesinn, Succès am Job an donieft nach total zefridde mat sech a mat der Welt. Wéi dat geet hunn ech mech och gefrot an hu fir iech recherchéiert.

  • Si ginn hiren Dreem no

Succès gëtt engem net um Sëlwertablett zerwéiert. Et muss een haart schaffen an Ausdauer behalen. Dofir muss een dann och mol déi eng Party aussetzen oder déi aner Netflix-Folleg fir méi spéit halen. All Ufank ass schwéier, mee Ausdauer lount sech.

  • Si leieren aus Feeler

Jidderee mécht Feeler. Et ass just wichteg ze wëssen, wéi ee mat dësen ëmgoe soll. Et kann ee sech kuerz driwwer opreegen, mee et soll een net dorop sëtze bléiwen. Draus leieren a weider geet et.

  • Si denke positiv a froen no dem wat se wëllen

All Minutt, déi een un negativ Gedanke verléiert, hätt ee kënnen an eppes Produktives investéieren. Natierlech kënnt et och vir, dass ee mol Zweiwel huet oder mat Onsécherheete kämpft, mee dat ass näischt vun deem een "Girl Boss" sech ënnerkréie léisst. Wann ee frustréiert ass, well een net kritt wat ee wëll, kann ee sech och mol d’Fro stellen ob een iwwerhaapt schonn dono gefrot huet. D’Welt ka keng Gedanke liesen.

  • Si passen op eng gutt Work-Life-Balance op

Nëmme well een als Business-Fra ugesi gëtt, heescht dat net, dass een déi ganzen Zäit schafft. Et brauch een och Momenter fir nei Energie ze sammelen an dës kritt een am beschten duerch seng Famill a Frënn.

Bei menger Recherche ass eraus komm, dass et beim Erfëlle vun den Dreem dorëms geet sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen, engem säin Network ze vergréisseren a positiv Energie ze verbreeden. Fir grouss Ziler ze erreechen, soll een anerer net schlecht maachen, mee mat hinnen zesummeschaffen. Ganz no der Devise: Teamwork makes the dream work.

Lauschter eran!

xx, Amy Watson