© Pexels
Lues a lues gëtt et méi waarm dobaussen, an esou klëmmt d'Loscht dann och sech deen een oder aner gudden, séisse Cocktail ze gënnen.
Sech selwer Weekends een nicen Drink maachen an dësen an der Sonn genéissen, dogéint kann dach keen eppes hunn. Wann een dann och nach d’Kollegen oder de Partner mat engem selwer gemaachte Cocktail verwinne kann, dat verséisst engem de Weekend dach nëmmen nach méi.
Niewent deene bekannten Drinks wéi Aperol-Spritz oder Sangria, ginn et och nach ganz aner Cocktailer, déi een d'Fréijoer spiere loosse kënnen. Fir dass der iech dëst Fréijoer net an der "Endlosschléife" Vodka-Lemon bestellt, hunn ech e puer Rezepter fir d'Fréijoersdrinks e bëssen opzemëschen.
Wéi eng d’Fäegkeet hunn, d’Fréijoersgefill ze erwäche gitt der elo gewuer.
Fänke mer mam Garden of Eden un.
- Du brauchs:
50 ml Bombay Gin
10 ml Limettesirop
10ml Hierlennerersirop
6 Peffermënzblieder
60 ml Äppeljus
- Esou gëtt e gemaach:
Fir d’éischt den Gin an d’Glas schëdden, hei dobäi de Limetten- an den Hielenner-Sirop ginn a gutt verréieren. D’Peffermënzblieder an d’Hand leeën an e puer mol fest mat der aner Hand mat de Peffermënzblieder schloen. Esou gëtt de Geschmaach a Geroch vun de Blieder fräigesat. Dës an d’ Glas dobäi leeën an opfëlle mat Äppeljus. Zu gudder Lescht e bëssen Äis an d’Glas maachen an et mat engem Peffermënzblat dekoréieren.
© Pexels
Strawberry-Blond
- Du brauchs:
2 cl Äerdbierssirop
3 bis 5 Äerdbieren
10 cl Ananasjus
4 cl wäisse Rum
- Esou gëtt e gemaach:
D’Äerdbiere wäschen a kléng schneiden, dës zesumme mam ganze Recht an 3 Äiswierfelen an e Blender maachen. Alles esou laang mixen, bis d’Äiswierfelen zerklengert sinn an se an ee Longdrink-Glas schëdden. Hei erëm 3 Äiswierfelen dozou ginn an d’Glas mat enger Äerdbier dekoréieren.
© Pexels
Vibrant Sunrise
- Du brauchs:
1/3 Blutorange
2 cl Gin
1 cl frëschen Zitrounejus
1 cl frësche Limettejus
1 Schotz Agavesirop
1 Still Thymian
- Esou gëtt e gemaach:
D’Fleesch vun der Blutorangen am Mixer püréieren. Dat ganzt zesumme mam Gin, Zitrounen- a Limettejus, sou wéi och dem Agavensirop an e Blender ginn an alles matenee vermixen. D’Glas opfëlle mat Äiswierfelen an de Mix an d’Glas schëdden. D’Glas u sech kann een dann nach mat Thymian an enger Blutorangeschéiw dekoréieren.
© Pexels
Cheers!
xx, Amii Watson