Wann d’ganz Welt an déi kalifornesch Wüst reest, da wësse mer, et ass nees esou wäit. Dee wuel fashionableste Festival vun der Welt geet erëm lass.

Niewent Musik-Acts wéi dem Ariana Grande an dem DJ Snake, kuckt hei déi ganz Welt och op d’Outfits vun de Festival-Gänger. Och dëst Joer hunn déi typesch Hippie-Looks net gefeelt, mee den 1. Weekend (12.-14. Abrëll) schléit moudetechnesch dëst Joer en anere Wee an. Amplaz vu Blummen an den Hoer a Jeans-Shorts hate vill Gäscht éischter elegant Outfits un. Och Velosboxen an all méigleche knallege Faarwen hunn et op de Coachella gepackt.

Aus wéi engem Outfits menger Meenung no Summer-Festival-Trends entstinn, erzielen ech iech elo.

  • 1. Trend: Elegant Kleeder

De Festival-Style muss net ëmmer faarweg an ausgeflippt sinn. Dat wéisst eis déi däitsch Influencerin Caro Daur. Hatt hat een elegant, laangt One-shoulder-Kleed am Nude-Toun un. Fir trotzdem bësse Faarf an d’Spill ze bréngen huet et sech ee faarwege Schal ronderëm d’Hëfte gebonnen. Ech géif jidderengem virschloen, deen ee Rack op engem Festival unhuet, dëse mat Sneakers ze kombinéieren. Dat wier de perfekte Stilbroch an esou kann een och mat Rack stonnelaang danzen.

  • 2. Trend: Jeans mol anescht

Jeans op Festivals ass eigentlech ee Klassiker, deen ni ausser Moud kënnt. Mee dëse kritt dëst Joer eng kléng Ëmwandlung. Amplaz vu "Blue Denim" huet een dëst Joer vill "Black" a "White Denim" gesinn. An dat souguer och op dat ganzt Outfit bezunn.

View this post on Instagram

When the party’s over

A post shared by XENIA ADONTS (@xeniaadonts) on

  • 3.   Trend: Shiny Sëlwer

Och ganz am Sëlwer-Outfit ass ee passend ugedoen! Op Festivals war d’Motto dach ëmmer nach "Glitter Glitter". Déi éisträichesch Bloggerin Karin Teigl huet um Coachella jiddefalls mat sengem Mettalic-Outfit iwwerzeegt. Seng Bijouen, Cowboy-Stiwwelen a souguer säin Hutt ware mat sëlweregen Detailer verziert.

Sëlwereg a Kombinatioun mat Wäiss gesäit niewebäi och richteg nice aus, wann ee scho bëssen an der Sonn war a brong ginn ass.

Lauschter eran!

xx, Amy Watson