© Pexels
Den 9. Mee ass Europadag, mee wat bedeit deen Dag eigentlech?
Jiddereen dee schaffe geet a bis elo 25 Deeg Congé gezielt huet, ka vun dësem Joer un zwee dobäi zielen! Nieft engem zousätzleche legale Congésdag gëtt et zënter 2019 ee Feierdag méi, dësen ass den 9. Mee an heescht Europadag.
Den Europadag soll dorun erënneren, dass Europa a Fridden an Eenheet lieft. Op dësem Dag huet de Robert Schuman, den deemolegen Ausseminister vu Frankräich, erkläert, wat seng Virstellunge vun Europa sinn. Hien hat eng Visioun vun engem Europa, wou zesumme geschafft gëtt a Krich onvirstellbar ass.
Fir dat ëmzesetzen, gouf d’Kuel- a Stolproduktioun vu Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, Italien, Holland an der Belsch sou ze soe fusionéiert. Esou soll ee weidere Krich tëschent Frankräich an Däitschland materiell gesi guer net méi méiglech sinn.
Et kann ee soen, dass dat de Grondstee vun dem Europa war, wat mir haut kennen.
Spéider hate weider Länner Interessie Bestanddeel vum engem friddlechen Europa ze sinn an dorops hi gouf déi europäesch Unioun gegrënnt.
Zu Lëtzebuerg gëtt dësen Dag elo offiziell gefeiert, wat menger Meenung no eng gutt Saach ass.
Dëst Joer ass dëse Feierdag op een Donneschden gefall. Villäicht hu jo verschidde Leit heivu profitéiert an ee klénge Weekend-Trip oder einfach ee verlängerte Weekend doheem geplangt! Dobäi jiddefalls vill Spaass.
xx, Amii Watson