3 Prinzipie fir ee méi organiséierten Neistart am September

Wie besser organiséiert ass ka vill Zäit an Energie spueren!

Den natierlechen Zoustand ass Chaos. Fir sech dobäi awer gutt konzentréieren ze kënnen, ass awer schwéier. Wien effikass an héich konzentréiert schaffe well, dee muss Fräiraum fir de Geescht schafen.

  • De Büro organiséieren

De Büro, op deem ee léiert oder schafft, muss net esou steril ausgesinn, wéi bei engem Dokter, mee dëse soll awer eenegermoosse geraumt sinn. Et ass wichteg, dass all Saach seng Plaz, also säin eegent kléngt "Doheem" huet. Organiséiert duerch d’Liewe geet ee wann ee seng Saachen direkt op der richteger Plaz erëm fënnt.

De Klassiker, fir ënner all deene verschiddene Classeuren och dee richtegen erëm ze fannen, ass fir mat engem Faarf-Code ze schaffen. Also all Classeur, eng aner Faarf.

Saachen déi een oft brauch soll een och am beschten net ganz hannen an den Tirang leeën, mee et soll einfach si fir un dës ze kommen.

  • Sech Deadline setzen a Wochepläng maachen

Organiséiert Leit verschwende keng Zäit. Se wëssen, dass wann een organiséiert ass, een och méi produktiv ka sinn. Also, maach der ee Wochen- oder Dagesplang a setz dir Deadlinen an Ziler. An dat Allerwichtegst ass, hal dech drun!

  • To-do Planer / Hausaufgabeplaner

Den éischte Virdeel vun engem To-Do Planer ass, dass een alles nidderschreift wat usteet an een esou net riskéiert eppes Wichteges ze vergiessen. Den zweete Virdeel ass, dass Check-Lëschten engem hëllefen den Iwwerbléck ze behalen. Esou weess ee wat scho gemaach ass a wat nach net. An et weess een och, wou een drun ass an esou kann ee seng Aarbecht a seng Fräizäit besser andeelen.

Et ass ëmmer gutt sech eng Bucket List ze maachen. Schreif der nidder, wat s du dëst Joer erreeche wëlls. Dann iwwerlee wat s du maache muss fir dës Ziler ze erreechen.

D’Liewen ass kuerz, maach dat wat dir am meeschte bedeit.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/