Den Hierscht gëtt et alles anescht wei trist an eentéineg.

Wat d’Faarwen ugeet, wäerte mer vill Rout, Rosa a Mof gesinn. Mee och d’Faarf Orange wäert ëmmer nach eng staark Präsenz hunn. Sief dat am knallegen oder a méi pastelleg Téin. Dat si jiddefalls alles Faarwen, mat deenen dir är Outfits am Hierscht e bëssen ophelle kënnt.

Wat de Styling betrëfft, wäert am Hierscht vill mat “Layering” geschafft ginn. Dat heescht, dass ee méi Schichten iwwereneen undeet. Esou kann een dann nach e bësse méi laang un de Summer an Hierscht-Kleeder festhalen, an dës einfach all iwwereneen undoen.

Een aneren Trend, deen eis dëst Joer net méi verloosse wäert ass den "Animal-Print". Och am Hierscht wäerte mer Déieremustere vun Tiger, Zebra, Leoparde bis Schlaangen-Mustere gesinn.

Wat awer e bësse méi nei ass, ass d’Karomuster. 2019 erënnere karéiert Blazeren oder Boxen net méi u Fréier, mee se ginn éischter an d’Richtung vum Grunge aus den 90er. Wat opfält, dat ass, dass dës karéiert Blazeren oder och Paltonge gären och mol bësse méi grouss ausfalen. Wat an der Moudebranche als “oversize” bezeechent gëtt.

 

Wat mëttlerweil OUT ass, dat sinn d’Boxe mat Lächer an de Knéien oder am allgemenge Boxen déi duerchlächert sinn. Hei freeë sech all d’Bomien an d’Mamme sécherlech och.

IN dogéint si Boxen, déi e bësse méi labber ausfalen. Och Jeans Boxe sinn am Hierscht weiderhi ganz am Trend.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/