A wéi kann een am beschte mat Gossip ëmgoen?

"Oah wat huet hatt dann haut un?!" oder "Hien huet awer och zougeholl" si Saachen déi jidderee vun eis scho mol héieren oder och selwer gesot huet. Am Fong weess een et jo awer besser, et soll ee fei matenee sinn an net hannert engem sengem Réck schwätzen.

Besser good Vibes, wéi Gerüchter verbreeden.

 

Eisen Drang ze traatschen ass een urmënschlechen Instinkt, deen dovu kënnt dass eist Liewen an och Iwwerliewe vun eise Matmënschen ofhänkt. Instinktiv sammele mir Informatiounen iwwer eis Matmënsche fir ze wëssen, wiem mir vertraue kënnen a wiem net.

Wann den Aarbechtspartner z.B. seet, "de Chef huet erëm Leit entlooss", kann ee sech dorop astellen, dass ee sech eventuell gläich eng nei Aarbecht siche muss, well ee jo awer Sue verdénge muss fir ze (iwwer-)liewen.

Dës Gespréicher verzielen eis net nëmmen eppes iwwer déi Persoun, iwwer déi grad geschwat gëtt, mee och iwwer déi, déi grad schwätzt. Een aner Beispill ass, wann ee seet, "No 2 Méint ware si scho verloobt" heescht dat, dass déi Persoun 2 Méint als ze kuerz empfënnt fir sech fest ze bannen.

View this post on Instagram

Mood 😂👋 credit: @waldorfsbabes ❤️

A post shared by Gossip Girl (@gossipgirll) on

Et kënnt jo och mol vir, dass ee selwer matkritt wa schlecht iwwer ee geschwat gëtt.

Net jiddereen huet esou ee grousst Selbstbewosstsinn, dass een einfach doriwwer stoe kann. Wat awer hëlleft ass, sech bewosst ze sinn, dass et engem seng Entscheedung ass ob en eng Bemierkung perséinlech hëlt oder net. Och aus Kritik kann een eppes léieren.

Et ass wichteg roueg ze bléiwen an eng Kéier déif duerch ze ootmen. Et soll ee probéieren de Kär vun der Ausso ze verstoen an ze kucken ob eppes drun ass. Och wann Getraatschte wéidoe kann, kann een heiansdo eppes doraus léieren andeems en eppes Positives doraus mécht.

Dat alles ass eng Erklärung fir d’Traatschen, mee ass awer keng Excuse dofir wann ee béis iwwert een aner hier fält. Dowéinst ass d’Devise ëmmer nach: Be nice!

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/