Ëmweltschutz fänkt bei klénge Saachen un

Jidderee wëll dobäi sinn a jidderee schwätzt doriwwer. An nee, dës Kéier geet et net ëm d’Fashion Week zu New York oder Mailand, mee em dee grousse weltwäite Klimastreik.

Wärend esou Events vergänglech sinn, kann een awer mat senge Gewunnechten dofir suergen de Message vum Ëmweltschutz oprecht ze erhalen.

Dat kann ee maachen andeems een op Plastik verzicht oder manner mam Fliger oder Schëff reest. Mee do ginn et och nach aner Saachen, op déi een am Alldag oppasse kann.

Wéi zum Beispill d’Luucht ëmmer ausmaachen, wann ee se net brauch. Wann een aus dem Zëmmer geet, einfach de Schalter drécke fir d’Luucht auszemaachen a schonn huet een eppes Guddes fir d’Ëmwelt gemaach.

Komme mer da bei de Knätsch. Dësen dierf op kee Fall einfach op de Buedem oder bei de Bio-Offall kommen. Dëse baut sech nämlech extrem lues of. A wann Deiere Knätsch vum Buedem oprafen an iessen, kann dat souguer déidlech fir si ausgoen. Dofir, de Knätsch am beschten a seng Verpackung awéckelen an an déi schwaarz Dreckskëscht geheien.

An de leschten Tipp, wéi een a sengem Alldag op d’Natur oppasse kann, ass richteg Lëften.

Et soll een oppassen, dass d’Fënster net gekippt ass, wann d’Heizung un ass. Déi Hëtzt an déi Sue kann ee sech spueren.

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/