Dier zou, duerchootmen an ofschalten. Am Schlofzëmmer solle Stress an Hektik tabu sinn.

Hei soll sech alles ëm d’Entspanung dréinen. Mee wéi mécht een aus sengem Schlofzëmmer seng perséinlech Wellness-Oase?

  • Fänke mer mam Bett un

Et ass immens wichteg, dass ee gutt a sengem Bett läit. Dat heescht d’Matrass soll net ze mëll an net ze haart sinn. Wichteg ass och, dass d’Matrass breet genuch ass, fir dass ee sech dréine kann ouni eraus ze falen. Genuch Këssen a schéi Bettbezich kënne schonn ee groussen Ënnerscheed maachen.

Mat wäisser Bettwäsch huet en dach direkt d’Gefill et wier een an engem Hotel! Firwat dëst Vakanzegefill net och mat heem bréngen? En plus ënnerstëtze Faarwe wéi beige oder crème d’Entspanungsgefill.

  • Och genuch Platz hunn dréit dozou bäi, dass ee sech wuel fillt

Um Buedem stapelt sech d’Wäsch an um Bett huet eng Bomm ageschloen. Gemittlech gesäit anescht aus. Wann ee sech awer gutt organiséiert ass d’Onuerdnung séier Geschicht. Et kann ee sech ee Wäschkuerf zouleeën, an dësen an de Gank stellen. Esou huet déi knaschteg Wäsch keng Chance an der Schlof-Oase leien ze bleiwen.

Fir dass sech och net 100 Saachen um Bett usammelen, gëtt et eng einfach Reegel: "Make your bed". All Moies einfach direkt nom Opstoen d’Bett maachen. Esou huet ee  säin 1. To-Do vum Dag erfollegräich erleedegt, an et freet ee sech owes wann een an d’Bett geet.

  • Klengegkeete maache vill aus

 

Wat och dobäi hëlleft, säi Schlofzëmmer an eng stressfräi Zone ëmzewandelen si kléng Dekoelementer. Ee flauschegen Teppech oder Käerze mat engem gudde Geroch maache vill aus. Och d’Luucht beaflosst d’Aura an engem Raum. Besser huet ee méi eng waarm Luucht ze benotzen, well dës eng berouegend Wierkung huet.

Dat sinn alles nëmme Klengegkeeten, mee all zesumme maachen se vill aus.

Happy Bedtime!

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/