Och wa mer de Summer schonn all vermëssen, muss ee positiv bleiwen!

Op Temperaturen iwwer 30 Grad musse mer elo eng Zäit verzichten. Dat kéint ee Grond sinn traureg ze sinn, zemol fir esou Sonnekanner wéi mech, mee komm mer probéieren dat Positiivt ze gesinn!

  •  Serië kucken ouni schlecht Gewëssen

Ee Grond fir den Hierscht gär ze hunn ass, dass mer elo nees Netflix binge kënnen ouni schlecht Gewëssen! Wann d’Sonn laacht an et waarm dobaussen ass, wëll oder soll een Zäit dobausse verbréngen. Wann et elo awer erëm méi kal gëtt, da schwätzt keen Argument dogéint den Owend op der Couche ze verbréngen oder och an de Kino ze goen.

  •   Beweegung mécht erëm Spaass

Wat och besser am Hierscht geet, wéi am Summer, ass Sport maachen. Am Summer ass dat eng grouss Belaaschtung fir de Kreeslaf an et mécht och einfach manner Spaass! Wann d'Temperature bëssen erof ginn, fält et engem scho méi einfach reegelméisseg Sport ze maachen.

  • Gudden Téi a waarme Schocki

Wien och nach esou ee groussen Téi-Drénker ass ewéi ech, freet sech sécherlech op den Hierscht. Ee waarmen Téi no engem laange Spadséiergang, wann d’Loft scho richteg kal ass, ass net ewech ze denken! Amplaz vun Téi funktionéiert Schocki natierlech genau esou gutt fir d’Hänn an d’Séil ze wiermen. Dës Gedrénks kann ee sech, menger Meenung no, am Hierscht vill besser schmaache loossen, wéi am Summer.

A wann ech et elo nach ëmmer net hikritt hu bëssen "Positive Vibes" ze verbreeden, dann hëlleft villäicht nach de Gedanke mam Partner ze schmusen an dat ganz ouni, dass et engem am Fong vill ze waarm dofir ass.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/