DIY Last Minute Halloween Kostüm

Déi eenzeg Angscht déi een Halloween soll hunn, ass déi Angscht net dee richtege Kostüm ze hunn!

Wien nach net decidéiert huet, wéi ee Kostüm en undoe wäert ka sech hei inspiréiere loossen.

D’Plattform "Lyst" huet eng Auswäertung gemaach, wéi eng Kostüm-Trends et fir Halloween 2019 wäerte ginn. Fir eraus ze fannen wéi eng Gestalten eis dëst Joer am meeschten iwwert de Wee lafe wäerten, huet d’Plattform d’Shopping-Verhältnisser vun iwwer 104 Milliounen User analyséiert a gekuckt, wat am Internet gesicht a kaf gouf.

  • Op Platz Nr. 9 steet "Stranger Things". An de leschten 12 Méint gouf nämlech 250 % méi no Matrousenuniforme gesicht. Och wann d’Robin an de Steve manner Loscht hate Glacen am Matrousen-Outfit ze verkafen, ass dat bei de Leit awer gutt ukomm.

  • Op Platz Nr. 8 steet de "Rocketman". Natierlech si grujeleg Kostümer ëmmer nach gefrot, mee et ginn och Leit, déi den Owend léiwer bequem verbrénge wëllen. Dowéinst setzen se op de Buedmantel an dat inspiréiert um Elton John senger Autobiographie. Laut "Lyst" gouf am leschte Joer 201% méi no gesträifte Buedmäntel gesicht.

  • A mengen Ae wäerte mer erëm enorm vill Leit a Clownen-Kostümer gesinn. Schonn einfach nëmme wéinst der Release vum "IT Chapter Two" an dem Film "JOKER".

Last minute DIY Iddien

Wann een déi ganz Kostüm-Saach awer léiwer op de leschte Stëppel maache wëll, do hunn ech och e puer last minute DIY Iddie fir iech.

Et kann een z.B. am Pyjama op d'Halloween-Party goen. Mat e bësse rouder Faarf moolt ee sech Bluttsprëtzer op de Pyjama an op de Recht vum Kierper. Dono gëtt d'Gesiicht ganz wäiss geschminkt. Fäerdeg ass den Zombie-Pyjama-Kostüm dann, wann ee säi Liiblingspetzi nach mat op den Tour hëlt.

An eng aner last minute Kostüm Iddi ass, sech eng "Casa Del Papel" Mask ze kafen, schwaarz Boots a rout Kleeder unzedoen. Ganz easy, mee jidderee weess als wat der verkleet sidd!

Have fun!

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/