Den Hals kraazt, et fillt ee sech schlapp an et huet een d'Glidder wéi. Wat hëlleft elo nach fir d’Infektioun ze stoppen, ier ee sou richteg krank gëtt?

De Summer ass eriwwer, an elo ass et Zäit, dass mer eis erëm mam Wand, Reen a Schnéi offanne mussen. Mee dat geet net duer. Wa mer Pech hunn, erwësche mer och nach eng gutt Erkältung. Och wa mer et elo deeglaang gepackt hunn, eis net vun eise Kollegen ustiechen ze loossen, erwëscht et eis fréier oder spéider all eng Kéier. Mee loosst eis net esou negativ sinn! Et ginn nämlech déi eng oder aner Tricken, fir d’Bakterien an d’Infektiounen ofzewieren.

  • Chillt mol

Wann een owes heem kënnt, soll een dem Kierper an der Séil Rou ginn. Stress schwächt nämlech d’Immunsystem. Setz dech relax an d’Fotelle, maach der een nicen Téi a lies e Buch oder kuck Netflix. Keng Iwwerstonnen, awer och keng Party. Chillen ass also gutt fir d’Gesondheet.

  •  Déi schéinsten Aart a Wéis eng Erkältung virzebeugen

Schwäizer Wëssenschaftler soe Sex ass DEN Immun-Booster. An et kënnt nach besser. Et soll op mannst zwee Mol an der Woch sinn. Sex soll also als Medezin wierken a soll d'Ofwierkräft ëm ganzer 30 Prozent steigeren! Den Tipp huelen déi meescht sech wuel gär zu Häerzen...

  • Eng gutt waarm Bidde wierkt dräifach

Den absoluten Jackpot hu mer mat enger gudder waarmer Bidde geknackt. Waarmt Waasser entspaant, den opsteigende Waasserdamp hëlleft de Schläimhait an der Nues, Schléck a Bronchitten. A wann ee fréiert, ass eng Bidden natierlech och ideal fir erëm schnell an ouni vill Ustrengung op eng normal Kierpertemperatur ze kommen.

  • Villäicht kennt der jo och nach dat Sprechwuert: "One apple a day keeps the doctor away"

Hei ass wierklech eppes drun. Mat gesonder Ernärung huet ee schonn d’Halschent vun der Aarbecht gemaach. D’Immunsystem ass gestäerkt an et gëtt een net esou séier krank.

  • "Nasendusche"

An elo nach eppes wat villäicht bëssen eekleg kléngt, mee awer gutt ass!

Wann ee reegelméisseg, net nëmme säi Kierper, mee och seng Nues duscht, kann ee preventiv géint Erkältunge virgoen. Hei botzt ee seng Nues ganz einfach mat Salzwaasser. Dëst Nuesesalz kritt een an der Apdikt, mee kann een och selwer maachen.

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/