Halloween ass knapp eriwwer a scho geet et weider mam Verkleeden a mam Feieren.

Den 11.11 um 11 Auer 11 geet déi 5. Joreszäit un. Op d’Minutt genau, gëtt den Ufank vun der Fuessaison lancéiert a gefeiert.

Mee firwat feiert ee grad den 11. November?

An Däitschland, fänkt Fuesent traditionell den 11. November un. Vun dësem Moment u sinn d’Fuesboken net méi ze stoppen. Firwat esou vill Leit awer grad ëm dës Zäit feieren, dat wëssen déi wéinegst.

Den 11. November ass den "Martinstag". Deemools, huet hei eng Faaschtenzäit ugefaangen, déi vum 11.11. bis Chrëschtdag gedauert huet. Den Hannergrond firwat ee Fuesent feiert ass, dass all d’Liewensmëttel, op déi een an der Faaschtenzäit verzichte muss, verschafft solle ginn. Dofir gëtt Fuesent och nach "Fastnacht" op Däitsch genannt. Dat heescht esou vill wéi, déi Zäit virun der Faaschtenzäit, soll ee roueg nach mol gutt profitéieren an d’Sau eraus loossen.

Haut fänkt d'Faaschtenzäit am Februar um Äschermëttwoch un. Ech géif soen, et huet een also genuch Zäit, fir all déi Liewensmëttel op déi een do verzichte soll, bis Februar verschafft ze hunn.

Ee weidere Grond firwat Fuesent gefeiert gëtt, ass fir déi béis Geeschter ze verdreiwen a fir déi gutt ze erwächen.

An deem Sënn: Happy 11.11 gewënscht!

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/