Wie besser schléift ass méi gesond a méi glécklech.

Firwat ass Schlof esou wichteg fir eis Gesondheet?

Schlofe mécht staark. Nëmmen deen, dee genuch schléift, ka sech och richteg erhuelen. Wärend dem Schlof regeneréiert sech de Kierper. Alles, wat een esou am Dag erlieft huet, gëtt veraarbecht Schuedstoffer ginn ausgescheet. Wärenddeem ee schléift otemt ee manner séier, de Bols an de Bluttdrock ginn erof. Dat ass gutt fir d’Häerz, mee och fir d'Gehir. Bei ze wéineg Schlof ass de Risiko vun héijem Bluttdrock an Häerzkrankheete méi héich.

Dofir gënnt iech gäre bësse méi Schlof!

Etüden no hu Mënsche mat besserem Schlof eng méi héich Liewenserwaardung an de Risiko ass manner grouss, datt si eeschthaft krank ginn.

Genau esou wéi iessen an drénken ass Schlof ee Grondbedierfnis vun de Mënschen. Am Duerchschnëtt brauch een erwuessene Mënsch tëscht 6 an 8 Stonne Schlof. Hei kann et awer natierlech och zu individuellen Ënnerscheeder kommen.

Eppes steet awer fest: An zwar ass Schlof eis liewesnoutwenneg Erhuelungsphas. Déi brauch all Mënsch fir gesond a fit ze bléiwen. Nëmme wann dat de Fall ass, si mir dozou fäeg eist Bescht ze ginn.

Wann een awer Schlofmangel huet, kënnen d’Konsequenze sinn, dass een onkonzentréiert a gereizt ass a manner Leeschtung brénge kann.

Wat ee manner schléift, wat ee méi Feeler mécht.

xx, Amii Watson

 

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/