De Grond firwat ee Single ass: et ass een egoistesch an et leet een ze vill Wäert op Selbstverwierklechung.

D’Buch "Generation Beziehungsunfähig" gëtt grad an den Hipster-Himmel gehyped. D’Zilgrupp si virun allem urban Singlen, fir méi genau ze sinn, Leit aus der Generation Y, déi haaptsächlech a Groussstied liewen.

D’Selbstdiagnos "bezéiungonfäeg" schéngt duerch de Medienhype zu engem richtege Liewensgefill ze ginn. Wann ech dat also richteg verstinn, ass et elo Trend "bezéiungsonfäeg" ze sinn? Hä???

D’Generation Y gëtt als komsumsüchteg, narzisstesch, perfektionistesch an net seele vegan duergestallt. Jonk Leit, déi tëscht 1980 an 1995 gebuer sinn a sech no Individualitéit seene si gemengt. Wat elo awer dobäi kënnt ass, datt mer och "bezéihungonfäeg" sinn.

"Wir konsumieren Menschen"

D’Selbstverwierklechung soll de Grond sinn, firwat mir keng Bezéiung féiere kënnen. Mir sichen ëmmer no eppes Besserem. Ee besseren Iphone, déi neisten Nikeys bis zu engem bessere Partner. Dating-Apps funktionéieren haut wéi Shopping. Wann deen een näischt ass, net schlëmm, da gëtt weider gesurft. Mee ass et haut wierklech méi populär just op dat Kierperlecht aus ze sinn, ouni sech emotional wëllen ze bannen?

Ego-Push a Selbstverwierklechung

D’Grondiddi ass novollzéibar, eisen Alldag ass dovu bestëmmt ëmmer besser ze ginn. An allem. Bessere Body, besser Fotoe fir Instagram an den Job soll och net nëmme Sue rabréngen, mee eng leidenschaftlech Passioun sinn. Hei soll keng Plaz méi fir ee Partner sinn. Sou heescht et am Buch.

A mengen Aen ass eis Generatioun net méi gestéiert, wei déi aner. Déi meescht dreemen dach vun engem Haus mat Gaart a Kanner. An déi, déi Single sinn, sinn et seele fräiwëlleg.
"Bezéiungsonfäeg" ze sinn ass eng schéin Ausried. Esou muss ee jo net riskéieren ee Kuerf ze kréien oder dofir kämpfen, datt eng Partnerschaft funktionéiert.

Rappt iech zesummen an traut iech eppes! Keng Excusë méi! Keen ass perfekt, mee dat heescht net, dass een "bezéingsonfäeg" ass. Also hutt iech gär, och op engem Bad Hair Day.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/