A wéini? Freides, den 29. November 2019!

Op dësem Dag kann ee wärend 24 Stonnen sou zimmlech alles reduzéiert akafen. Et gi Prozenter an extra Black Friday Präisser fir esou den Ufank vun der Chrëschtzäit ze feieren.

Dat ass längst awer net méi nëmmen op deen Dag begrenzt, mee d’Konzept huet sech weider ausgebreet. Z.B. ass d’Black Week vum 25. November bis den 1. Dezember a Cyber Monday ass den 2. Dezember.

  • Black Friday kënnt aus den USA

Et kennt ee jo déi bekannte Biller, wou een Dausende vu Leit fréi Moies virun den Diere vun de Geschäfter stoe gesäit. An sou bal d’Dieren opginn, heescht et deen éischten ass vir!

Traditionell ass Black Friday ëmmer freides nom amerikanesche Festdag "Thanksgiving".

Offiziell ass dëse Freideg kee Feierdag, och wa vill Leit en als Bréckendag benotzen, well Thanksgiving ëmmer op een Donneschden fält. Mee et ginn awer e puer Staaten, an deenen d’Leit offiziell "The Day After Thanksgiving" fräi hunn.

D’Geschäfter profitéieren natierlech och vun dësem Dag a verschiddener maache schonn um Mëtternuecht hier Dieren op. Kee Wonner, datt an den USA Black Friday den ëmsazstäerksten Dag vum Joer fir den Eenzelhändler ass.

Wat an Amerika funktionéiert, geet och enzwousch anescht. Dat huet Apple am Joer 2006 bewisen an eng éischte Kéier de Black Friday mat an Däitschland bruecht. Déi kalifornesch Mark huet do genee dat Selwecht ugebuede wéi an den USA an dat hat wéi eng Bom ageschloen. Doduerch sinn dunn natierlech och aner europäesch Marken op den Zuch mat opgesprongen an hunn extra Sale Aktiounen op deem Dag gefeiert.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/

Facebook: https://www.facebook.com/iamtzunamy/