Esou kanns du deng Kaddoen ëmweltfrëndlech verpaken!

Kaddoe kréien ass dach eppes Schéines. Och wann et nëmmen ee klenge Geste ass, freet ee sech scho wéi ee klengt Kand. A fir dass och bësse Spannung opgebaut ka ginn, ginn dës natierlech och verpak. Sou soll et jo och sinn!

Leider huet een oft dono Tonne Pabeier doheem leien, deen en net méi gebrauche kann an en da ewech geheie muss. Esou muss et awer net sinn!

Dofir hei e puer Iddien an Tipps, wéi dir är Kaddoe méi ökologesch verpake kënnt:

  • Ale Kaddospabeier nach eng Kéier benotzen

Dat funktionéiert awer nëmme wann een de Pabeier net wéi wëll einfach oprappt. Villäicht ass dat bësse manner FUN wann een de Pabeier lues vum Kaddo ofléist, mee esou muss de frësch bedréckte Pabeier net direkt an der Poubelle landen. Och Schläifen an Deko kann een halen an u sengen eegene Kaddoen ubréngen. Déi Suen huet en dann och alt nees gespuert.

  • Zeitungspabeier

Eng aner Variant ass fir Zeitungspabeier ze benotzen. Einfach déi schéinste Säiten eraus sichen an de Kaddo domat awéckelen. Gesäit a mengen Aen och nach cool aus.

An fir déi, déi da wierklech an den Detail wëlle goen, kënnen aplaz vu Scotch op Schläifen zeréck gräifen.

  • Këschten

De Kaddo kann een och ganz einfach an eng schéi Këscht maachen, déi déi aner Persoun och bestëmmt erëm fir een aner Zweck weider benotze kann.

  • Huewersak

Eng aner Méiglechkeet ass och nach, fir ee Jutebeutel als Verpackung ze huelen. Dës ass dann automatesch nach ee weidere Kaddo on top!

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: https://www.facebook.com/iamtzunamy/