Kreativ Iddie fir de Partner, d'Famill an d'bescht Frëndin!

Advent, Advent, dat zweet Liichtche brennt – a schonn hutt der Chrëschtdag verpennt.

All Joer probéiert een op een Neits, de perfekte Chrëschtkaddo ze fannen. Dacks kënnt et dann awer vir, dass eis d’Zäit fort leeft a mir verpennen eppes Kreatives an Individuelles fir eise Partner, d'Famill oder d’bescht Frëndin ze fannen. DOFIR hei ee klenge REMINDER an och scho mol bëssen INSPIRATIOUN.

Fir d’Koppelen: Bucket List for Lovers

Wann ee bis e puer Joer zesummen ass, kënnt et mol vir, dass ee Loscht op eppes Aneres an Neies huet, wéi z.B. Iessen oder an de Kino goen. Fir bëssen Adventure kann ee suergen an deem ee sech eng Bucket List zesummestellt, mat alles Méiglechem, wat een nach esou zesummen erliewe wëll. Sief et een Dag ouni elektronesch Géigestänn zesummen ze verbréngen, sech géigesäiteg ee Libesbréif ze schreiwen oder eng Kéier zesummen am Ausland ze wunnen.

Fir d’BFFs: Throwback an d'Kandheet

Wann dir esou glécklech sidd, wéi ech an nach ëmmer déi selwecht bescht Frëndin hutt, wéi schonn an der Primärschoul, da kënnt der all är al Bréiwer erauskromen. An der Primärschoul huet ee sech dach stänneg Bréiwer doriwwer geschriwwe wien ee léif fënnt, wien een net gär huet an natierlech wie seng BFF ass. Als Kaddo kann een der beschter Frëndin ee Buch zesumme stelle mat all deenen ale Bréiwer. Dat suergt fir den absolutten Throwback a Laachkrise si garantéiert.

Fir d’Elteren: Erhuelung am Spa

An den Elteren einfach mol eng Auszäit gënnen an en Openthalt am Spa schenken. Ech menge fir si gëtt et warscheinlech näischt méi Wäertvolles wéi Zäit a Relaxatioun. Mat dësem Kaddo zwéngt dir si quasi dozou sech e bëssen Zäit fir sech ze huelen an ofzeschalten.

xx, Amii Watson

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: https://www.facebook.com/iamtzunamy/