D’Party war super. D’Drinks bëssen ze gutt an den Hangover den Dag drop, ganz schlëmm.

D‘Chrëschtdeeg sinn elo eriwwer. Mat der Famill drénkt een ee Patt, oder och e puer méi a beschtefalls geet et dono mat de Kolleegen och nach eraus. Et muss ee jo profitéiere wann d’Leit all fräi hunn an och zu Lëtzebuerg sinn. D’Konsequenz ass dann awer oft dass ee mat engem decke Kapp erwächt. An elo ass dann d’Fro: Wat kann ee géint den Hangover maachen?

Wann dir nach net äert perfekt Heelmëttel fonnt hutt, da probéiert dat hei mol aus!

  • Powdered Green Smoothie

Kaffi hunn déi meescht jo zimmlech gär. A wann een elo Cold Brew Kaffi mat gréngem Smoothie mëscht, soll dat Wonner géint den Hangover wierken.

De kale Kaffi suergt fir den néidege Koffein-Kick an dat frëscht Uebst aus dem Smoothie gëtt dem Kierper wichteg Närstoffer a Vitaminnen.

Du brauchs:

Kale Kaffi

1 Handvoll Spinat

1 Läffel Hanfsom

1 Läffel Kakao-Polver

1 Banann

3-4 Blieder fësche Peffermënz

Alles zesummen an de Mixer geheien a fäerdeg ass et!

  • Green Goddess Juice

Äppel, Fenschel, Kornischong, Zitroun, dat kléngt wéi wann ech vun enger Zalot géif schwätzen, mee nee! Och hei geet et erëm ëm een Heelmëttel fir den Hangover.

Du brauchs:

1 Apel

1 grouss Kornischong

1 Taass Péiterséileg

1 Handvoll grénge Fenschel

2-3 cm grousst Stéck Ingwer

Eng Zitroun auspressen

Esou gëtt et gemaach:

Alles an de Mixer geheien, gutt mixen an dono d’Zitroun dran ausdrécken. A prett ass de Jus fir genoss ze ginn.

  • Breakfast Mix

No enger laanger Partynuescht hëlleft anscheinend och Piment, Eeër, Orangëjus an och e bëssen Alkohol als Hangover Cure. De Piment soll dee wichtegsten Ingredient sinn, well en richteg waakreg mécht.

Esou geet den Zaubertrank:

1 leefegt Eewäiss

50 ml frësch gepressten Orangëjus

1-3 gedreschte Pimenten (jee no schäerft)

20 ml frësch gepresste Limettejus

50 ml Wodka

1 Orangen auspressen

Esou gëtt et gemaach:

D’Eewäiss, den Orangëjus, d’Pimenten, de Limettejus an de Wodka an ee Cocktail-Shaker ginn. Eis dobäi maachen a gutt shaken.

Den Drink an ee grousst Glas schëdden an e puer Äiswierfel dobäi ginn. Tadda!

Lauschter eran!

xx, Amii Watson