"Pantone 19-4052 Classic Blue"

D’Faarf vum Joer 2020 ass gekréint ginn. Dëst Joer huet Pantone d’Faarf "Classic Blue", eng Blo déi un den Oweshimmel erënnert, zur Faarf vum Joer ernannt.

Blo gëllt als eng zäitlos an elegant Faarf. Bekanntlech huet d’Faarf vum Joer ëmmer ee groussen Afloss op Design, Moud an Interieur.

Bei hiren Analyse passe si op d’Faarftrends an der Entertainment- a Filmbranche op, mee och Konschtstécker a Moudekreatiounen hunn een Afloss. Domat hält et net op, well och Vakanzendestinatiounen an de Lifestyle vun de Leit fléisst an dës Entscheedung mat an.

"Classic Blue" soll eng Faarf sinn, déi sech ganz einfach an eis Garderobe integréiere léisst. Blo passt zu de klassesche Faarwe wéi Schwaarz, Wäiss a Gro. Mee als poppeg Variant soll se awer och fonctionéieren. An der Kombi mat Bordeaux Rout oder Moschtergiel, kënnt déi blo Faarf nach méi zum Virschäin. Et kann ee se souguer och mat Pastelltéin kombinéieren, hei kann ech mir z.B. ee Pastellrosa-Toun gutt virstellen.

Egal ob elo méi donkel oder ee méi helle Blotoun, dës Faarf war op de Fashion Weeks vun New York bis Paräis omnipresent an dominéiert och am Fréijoer an am Summer 2020.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: https://www.facebook.com/iamtzunamy/