Méi Motivatioun fir ze trainéieren

Du kenns et, am Ufank vum Joer ass d’Motivatioun grouss. Et geet ee reegelméisseg an de Fitnessstudio oder et mécht ee seng Übungen, mee schonn no e puer Wochen ass de Studio erëm hallef esou voll, well engem dauernd aner Saachen dertëschent kommen.

Déi gutt Noriicht ass awer, dass ee sech Disziplin untrainéiere kann.

  • Schaff mat Visiounsbiller

Wou gesäis du dech a 6 Méint? Gëff der kloer wat s du erreeche wëlls, ee konkret Zil motivéiert. Et kann ee sech och fotograféieren. Wann een all Dag an de Spigel kuckt, gesäit een dacks selwer keen Ënnerscheed. Fotoen dogéint sinn eng objektiv Duerstellung a weisen engem wou een drun ass. Meeschtens ënnerschätzt ee sech nämlech och.

  • Sich der Verstäerkung

Andeems du der een Trainingspartner sichs, ass et méi schwéier den Training ausfalen ze loossen. Dat kann zum Beispill de Partner sinn, och an enger Koppel kann ee sech géigesäiteg motivéieren fir seng Ziler ze ereechen. Eng aner Variant ass sech matzedeelen an der Famill oder de Kolleegen ze soe wéi eng Ziler een huet. De sozialen Drock erhéicht nämlech d’Motivatioun.

  • Musek ass déi beschte Motivatioun

Grad wann ee keen Trainingspartner huet, ass et wichteg déi richteg Musek ze hunn. Déi passend Musek gëtt engem Energie an hëlleft engem sech weider ze pushen. Et kann een eng Playlist zesumme stelle mat Lidder déi dee selwechten BPM, also dee selwechten Tempo hunn. Esou kann ee sech beim trainéieren der Vitesse vum Lidd upassen an et kënnt ee manner séier aus dem Rhythmus.

Wann s de et bis packs deng Motivatioun iwwer eng gewëssen Zäit oprecht ze erhalen, entwéckels du eng Routine. An dat Allerwichtegst: No all Training fills du dech besser. Dat ass wuel déi beschte Belounung.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson