Intuitioun: Wéi stäerken ech mäi Bauchgefill? D'Intuitioun hëlleft engem "gutt" Entscheedungen ze treffen.

Mir haten esou Momenter schonn all: de Bauch seet jo an de Kapp seet nee. An direkt fënnt ee sech an dem klasseschen Dilemma rëm an et weess een net op wat ee lauschtere soll. Meng Äntwert ass: béides! Et kann een net alles mat rationalem Iwwerleeë léisen, dofir ass et souguer wichteg op säi Bauchgefill ze lauschteren.

Ech perséinlech lauschteren éischter ze vill op mäi Bauchgefill, an dofir hunn ech misse leiere bësse méi rational ze denken. Mee ëmgedréint ass dat grad esou wichteg. Firwat? Well däi Bauchgefill enk mat dengem Ënnerbewosstsinn zesumme schafft.

D’Bauchgefill kann een och nach als Viranung, sechste Sënn oder Intuitioun bezeechnen.

  • Mee wat ass Intuitioun?

De Begrëff kënnt aus dem laténgeschen an heescht iwwersat "genau kucken". Wat villäicht e bësse Paradox kléngt, well ee jo éischter engem Gefill nogeet an d’Intuitioun d’Entscheedung huele léisst, ouni all Zesummenhäng ze verstoen.

Et heescht, datt d’Intuitioun eis ënnerlech Logik ass, déi duerch Erfarungen, Moral a Wënsch gepräägt ass.

Fir laangfristeg "gutt" Entscheedungen ze huelen, ass et wichteg, datt d’Zesummenaarbecht vu Bauchgefill a Verstand gutt funktionéiert. Nëmmen als Team si béid wierklech gutt.

 

  • A wéi kann ech meng Intuitioun elo trainéieren?

Et ass wichteg present ze sinn. Oft ass de Verstand domat beschäftegt iwwert d’Vergaangenheeten oder d’Zukunft nozedenken. Op d’Bauchgefill kann een awer nëmmen am Present lauschteren.

Saachen net "zerdenken" an op säi spontaant Gefill lauschteren, hëlleft och Entscheedunge mam Kapp a mam Bauch ze huelen.

xx, Amii Watson 

Lauschter eran!

Instagram: https://www.instagram.com/iamtzunamy/
Facebook: 
https://www.facebook.com/iamtzunamy/