Déi eng droen se aus voller Iwwerzeegung an déi aner hu guer keng Anung, wie se do iwwerhaapt um T-Shirt hunn.

Fréier waren et nëmmen déi richteg Hardcore-Fans, déi T-Shirte vun hirer Liblingsband unhaten. Mëttlerweil fënnt ee se awer an all Kleederschaf. Egal ob d’Leit déi gewësse Band um T-Shirt kennen oder net. Viru puer Joer war dat einfach Trend, mee genau dowéinst, well bemol jidderee Bandshirts vun "Guns n' Roses" oder "Ramones" unhat, ouni déi Musek jee gelauschtert ze hunn, ass dësen Trend och erëm verschwonnen.

Mee et ass esou wäit: 2020 feieren d’Bandshirts hire Fashion-Comeback. Den Ënnerscheed ass awer, dass se haut net typesch mat schwaarzer Box a Liederjackett gedroe ginn. Haut gi se vill méi individuell gestyled, sief et mat Jeansbox a Sneakers, laanger Glitzerjupe oder brongem Cardigan.

Perséinlech hunn a fannen ech Band-Shirts ëmmer nach cool an droe se selwer. Ech denken et ass jiddefalls net verkéiert sech kuerz iwwer déi Band ze informéieren, déi een um T-Shirt huet oder virum Kaf vum Shirt driwwer nodenken ob een och hannert der Musek stoe kann. Am Ideal-Fall muss ee säi Kaf guer net a Fro stellen, well een d'Band kennt.

View this post on Instagram

Moody...

A post shared by Elle Ferguson (@elle_ferguson) on

Lauschter eran!

xx, Amii Watson